Radioen

On air

9 bis 1  |  Them Lights - Estanque

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gusty Graas: “Et ass wierklech ze bedaueren, datt Amerika elo esou ee Politiker un der Spëtzt huet”

NO DER VEREEDEGUNG VUM DONALD TRUMP

Gusty Graas: “Et ass wierklech ze bedaueren, datt Amerika elo esou ee Politiker un der Spëtzt huet”

Dem Donald Trump seng éischt Ried als 47. US-President wier alles anescht wéi eng staatsmännesch Ried gewiescht, fënnt de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Déi Ried wier "ganz provokativ" gewiescht, esou den DP-Politiker Gusty Graas, a se hätt och ganz villes vermësse gelooss.

Dem neien US-President seng éischt Decisioune géifen Europa ganz vill ugoen. Dowéinst misst Europa grad elo weisen, datt et eng gewëssen Autonomie kéint entwéckelen, an datt et net op alle Pläng ofhängeg vun den USA wier.

Impakt op déi ganz Welt

D’Erausklamme vun den USA aus dem Paräisser Klimaschutzaccord wier dem Gusty Graas no eng "ganz grave Decisioun".

"Dat ass eng Decisioun, déi huet, (...) ee ganz schwéieren Impakt, net nëmmen op Europa, mee op déi ganz Welt."

De Gusty Graas fäert eng gewësse Signalwierkung vun deem, wat den Donald Trump iwwer Klima, Energie, Immigratioun oder Gendere seet.

"Jo, leider fäerten ech déi. Ech mengen déi spiert ee souwisou schonn e bëssche queesch duerch d'Welt. An natierlech ass dat doten, fir verschidde Leit natierlech dat, wat se gäre wëllen héieren. An do kann een dovun ausgoen, datt och dat e bësse méi rietsextreemt Denken, datt dat leider och hei zu Lëtzebuerg zou hëlt. Dat kann een net ignoréieren. Den Trump huet Unhänger."

Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun huet an deem Kontext vun enger "Gefor fir d’Demokratie" geschwat. Eng aner Gefor wier d’Proximitéit tëschent dem Donald Trump an enger Rei Milliardären.

"Och do muss een oppassen, datt mer net op eemol an en Zenario erarutschen, wou am Fong geholl dee Moment nach just de Commerce, nach just d'Milliardären d'Soe kréien, datt se praktesch eng gewësse Weltherrschaft ustriewen."

Skepsis bei der Wafferou am Noen Osten

De Gusty Graas fäert, datt d’Wafferou tëschent Israel an der Hamas net allze laang wäert halen. Hien huet Bedenken, ob et wierklech den Ufank vu Friddensverhandlunge ka sinn.

Hie perséinlech stéing dozou, datt Palästina eng Kéier een autonome Staat misst ginn. Dofir missten awer eng Rei vu Konditiounen erfëllt sinn, dorënner déi vun enger definitiver Wafferou a Friddensverhandlungen. Dat ganz kloert Zil misst awer eng Zweestaateléisung sinn, "soss gëtt dee Konflikt ni geléist", esou den DP-Politiker am 100,7-Interview.