Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Attack op de Kapitol: Donald Trump begnodegt am grousse Stil

Bal 1.600 Persoune si betraff

Attack op de Kapitol: Donald Trump begnodegt am grousse Stil

An den USA goufen déi éischt Leit fräigelooss, déi wéinst der Attack op de Kapitol 2021 verurteelt gi waren. Den Donald Trump hat gëschter um Dënschdeg um éischten Dag vu senger Presidence bal 1.600 Persounen am Zesummenhang mam Stuerm op de Kapitol begnodegt. Iwwerdeems huet hie sech mat Importtaxen ausernee gesat.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP

Fräigelooss gouf elo ënner anerem de Grënner vum riets-radikale Grupp "Oath Keepers“. Hie war zu 18 Joer Prisong verurteelt ginn. Bei der Attack op de Kapitol ware 5 Leit ëm d‘Liewe komm.

Een Dag no sengem Amtsuntrëtt huet den US-President Donald Trump seng politesch Revanche lancéiert. Éischt Mataarbechter vun der viregter Regierung goufen nämlech och schonn entlooss. Méi wéi 1.000 Leit wiere betraff.

Trump setzt Moskau ënner Drock - Europa wier "schlecht fir d'USA" 

Den Donald Trump sot och, hie wéilt nei Douanestaxen op Importer aus Europa aféieren. Europa wier ganz schlecht fir d‘USA, sou den US-President op enger Pressekonferenz. Hien huet keen Taux fir déi Tariffer genannt. Fir Importer aus China an d‘USA huet hien eng Douanestax vun 10 Prozent vum 1. Februar un an Aussiicht gestallt.

Den Donald Trump huet Moskau mat warscheinleche Sanktioune gedreet. Wann de russesche President Wladimir Putin net bereet wier, iwwer een Enn vum Krich an der Ukrain ze verhandelen, wieren nei Sanktioune vun den USA warscheinlech, sou den US-President.