De Fliger vun der franséischer Regierungsdelegatioun huet och 2,5 Tonnen Equipement an humanitär Hëllef mat bruecht. Op Mayotte huet de François de Moien annoncéiert, d‘Regierung géif e Plang lancéieren mam Numm "Mayotte debout", fir den Erëmopbau no der Zerstéierung duerch de Stuerm.
De François Bayrou hat fir vill Polemik gesuergt, well hien nom de 16. Dezember iwwer Video un enger Krisereunioun iwwer Mayotte deelgeholl hat, wärend hien op enger Gemengerotssëtzung zu Pau war.