D‘EU-Kommissioun hat enger Journalistin vun der New York Times Accès zu dësen Textnoriichte refuséiert. An den SMSe goung et ënner anerem ëm Kontrakter tëschent der EU an dem Pharmakonzern Pfizer fir den Akaf vu Covid-Impfstoff.
EU-Geriicht: Keng valabel Erklärung vun EU-Kommissioun
D‘EU-Geriicht huet um Mëttwoch festgehalen: Der EU Kommissioun hir Erklärung, firwat si der Journalistin keen Accès zu den SMSe ginn hat, wier net valabel.
D‘EU-Kommissioun hat behaapt, si hätt déi SMSen net méi, se géifen also net méi existéieren.
Well d‘Geriicht dat net als valabel Erklärung ugesäit, gouf der EU-Kommissioun hir Decisioun, déi ugefroten SMSen net ze publizéieren, elo vum Geriicht annuléiert. D‘Urteel ass nach net rechtskräfteg well et nach d'Méiglechkeet gëtt, an Appell ze goen.
Der grénger Europadeputéierter Tilly Metz no, wier dëst Urteel awer ee wichtege Moment.
“Et ka jo net sinn, datt kommerziell Interesse virum Interêt public ass. A grad haut wär et wichteg, fir d’Vertrauen an d'Institutiounen ze hunn, a fir dat ze stäerken. An iwwerhaapt an d'Politik. Dofir war et ëmsou méi wichteg, datt se mat deenen SMSen erausgeréckt wär”.
Am Oktober 2021 hat och d’Tilly Metz mat véier anere gréngen Deputéiert aus dem Europäesche Parlament eng Klo géint d’EU-Kommissioun agereecht.
D’Deputéiert hu méi Transparenz gefuerdert a wollten e besseren Abléck an d’Kontrakter mat den Impfstoffproduzenten.
Hannergrond: Impfstoff-Vertrag fir geschate 35 Milliarden Euro
Am Mëttelpunkt steet een Deal tëschent der EU-Kommissioun an dem Impfstoffproduzent Biontech/Pfizer vun 2021.
Béid Säite goufe sech op eng Liwwerung vu bis zu 1,8 Milliarden Dosissen Vaccin eens. D’Käschte goufen deemools op 35 Milliarden Euro geschat.
D’Zeitung New York Times hat geschriwwen, de perséinleche Kontakt tëschent der Kommissiounscheffin an dem Pfizer-Chef Albert Bourla wier decisiv fir den Ofschloss gewiescht. Dobäi soll och iwwer SMSe kommunizéiert ginn.
Eng Journalistin vun der New York Times hat zesumme mat der Zeitung den Zougank zu allen Textnoriichte vun Ufank 2021 bis den 11. Mee 2022 ugefrot.