Radioen

On air

9 bis 1  |  The Kooks - Naive

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urteel zu den SMSen am "Pfizergate" gëtt haut erwaart

Ursula von der Leyen

Urteel zu den SMSen am "Pfizergate" gëtt haut erwaart

Um Geriicht vun der EU gëtt haut um Mëttwoch een Urteel erwaart an der Affär vun den SMSe vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen un de Chef vum Covid-Impstoff-Produzent Pfizer wärend der Covid Pandemie.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
(Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth)

D‘EU Tribunal soll soen, ob d‘EU Kommissioun d‘Recht hat, enger amerikanescher Journalistin vun der New York Times den Accès zu deenen SMSen ze refuséieren. D‘EU-Kommissioun huet de Refus mat der Behaaptung begrënnt, si géif d‘SMSen net besëtzen, well se net als ëffentlech Dokumenter archivéiert gi wieren.

D‘SMSen tëschent der Ursula von der Leyen an dem Pfizer Chef Albert Bourla si matzen an der Covid-Pandemie verschéckt ginn, zur Zäit wou Pfizer/BioNTech dee gréisste Fournisseur vu Covid-Vaccinen un d‘EU war. 

D‘EU-Kommissioun hat am Numm vun de 27 EU-Länner Impfstoff-Kontrakter a Milliardenhéicht mat Pfizer ausgehandelt.