arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Meng Landwirtschaft" geheit Martine Hansen vir net dialogbereet ze sinn

Plattform vun ONGen

|
headphones

1 min

"Meng Landwirtschaft" geheit Martine Hansen vir net dialogbereet ze sinn

D‘Plattform „Meng Landwirtschaft“ fuerdert konkreet Schrëtt fir eng nohalteg Agrarwende. Déi 21 Organisatioune vun der Plattform geheien der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen vir, net dialogbereet dofir ze sinn.

headphones

1 min

© Bigtsock
(Foto: Bigtsock)

Si hate proposéiert dofir e strategeschen Dialog iwwer d‘Zukunft vun der Landwirtschaft an d‘Liewen ze ruffen, sou wéi op europäeschem Niveau, un deem all d‘Acteure bedeelegt wieren. D‘Ministerin hätt dat refuséiert an „Meng Landwirtschaft“ un d‘Landwirtschaftskammer verwisen.

Domat géif si eng wichteg Chance verpassen, fir hir zentral Moderatiounsroll tëschent de verschiddenen Acteuren ze notzen, sou d‘Plattform an engem Communiqué.

Dobäi géif et net nëmmen ëm Problemer beim Ëmwelt-, Klima-, Déieren- an Naturschutz goen, mee och ëm d‘Stagnatioun am Biolandbau, an ëm Zukunftsperspektive fir d‘Baueren hei am Land. An dovu wier jidderee betraff, sou D‘Plattform „Meng Landwirtschaft.“