arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktiounsplang am Wäibau fir d'Betribsiwwernam ze fërderen

Agrarministerin annoncéiert

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Aktiounsplang am Wäibau fir d'Betribsiwwernam ze fërderen

61 Prozent vun de Betribsleeder am Wäibau, déi iwwer 50 Joer al sinn, hu bis elo nach kee Successeur. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi den Institut Viti-Vinicole bei de Lëtzebuerger Wënzer duerchgeféiert huet.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© SIP / Emmanuel Claude
(Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Eng 25 Hektar u Wéngerte leien den Ament brooch, an dat kann och sanitär Problemer matsechbréngen, fir déi Wéngerten, déi ronderëm leien. Fir deem entgéintzewierke gëtt eng Zort Flächebourse lancéiert. Ee weideren Ureiz fir d'Terrainen ze sanéieren ass eng speziell Primm fir d'Riewe ganz ofzerappen an den Terrain ze botzen. An am Fall vun enger geféierlecher Krankheet ginn et an Zukunft Verflichtungen, erkläert d'Agrarministerin Martine Hansen.

"Dat heescht, mir kucken, datt mir an deem Gesetz eng verflichtend Rodung fir esou eng Fäll kënnen abauen."

Nom Wäibaudësch huet sech de Jeff Konsbrück, Vizepresident vum Privat-Wënzerveräin zefridden iwwer déi Moossname gewisen.

Wäiner mat manner Alkohol

Zu Lëtzebuerg gi pro Kapp a pro Joer 40 Liter Wäi gedronk, 9 dovunner stame vun enger Lëtzebuerger Kellerei. Well verschidden Zorte wéi den Elbling an de Rivaner kee Succès méi hunn, gëtt eng Primm fir d'Rekonversioun proposéiert, déi ee ka kréie fir aner Zorten ze planzen oder ze praffen.

Et ass och d'Iddi fir zu Lëtzebuerg Wäi mat engem niddregen Alkoholgehalt ze produzéieren. Well d'Taxen um sougenannten Alkopops-Mëschgedrénks extreem héich sinn, ass een neit Gesetz néideg, dat méi differenzéiert, erkläert de Finanzminister Gilles Roth.

Weider gouf um Wäibaudësch annoncéiert, datt d'Wënzer an Zukunft wäerte kënnen an der Gréngzon no bei hirem Betrib eng Wunneng bauen. Den Ëmweltminister huet gréng Luucht dofir ginn.

play_arrow Lauschteren