D’Lëtzebuerger Wort hat um Dënschdeg Owend gemellt, d’Landwirtschaftsministesch wier vun der Annonce vum Luc Frieden, datt Lëtzebuerg de Mercosur géif ënnerschreiwen iwwerrascht ginn.
An der Vergaangenheet hat d’Martine Hansen sech kritesch iwwer den Handelsaccord geäussert. Si huet den Donneschdeg de Moien op een Neits betount, datt am Kader vun deem Ofkommes, och déi europäesch Landwrtschaft misst geschützt ginn. Gesondheets- an Ëmweltstandarden déi hei gëllen dierften net ënnergruewe ginn.