arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun presentéiert ëmstriddenen zwou-Billiounen-EU-Budget

EU-BUDGET FIR 2028-2034

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

EU-Kommissioun presentéiert ëmstriddenen zwou-Billiounen-EU-Budget

Et wier deen ambitiéiste Budget, dee jeemools proposéiert gouf, sot d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Am Europaparlament a bei de Bauerenorganisatiounen ass d'Propos direkt op hefteg Kritik gestouss.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
De Lëtzebuerger EU-Agrar-Kommissär Christophe Hansen | © Europäesch Unioun
De Lëtzebuerger EU-Agrar-Kommissär Christophe Hansen (Foto: Europäesch Unioun)

Géif dee Budget ugeholl, wier et deen héchsten, deen et bis elo an der EU gouf. Mat zwou Billiounen Euro wiere vun 2028 u ronn 700 Milliarde méi wéi an de siwe Joer virdrun am Bréisseler Dëppen. 

Allerdéngs schléisst déi Rechnung d'Corona-Hëllefsfongen, déi d'EU geléint an zeréckbezuele muss, mat an. Zitt een déi of, bleift ee Budget iwwereg, deen ongeféier deem aktuellen entsprécht. Am Europaparlament gouf dowéinst vun enger Täuschung geschwat.

Mee dat war net déi eenzeg Kritik, déi gëschter Owend um Mëttwoch erhuewe gouf. 

Agrarbudget mat aneren an engem EU-Dëppen

D'Kommissiounscheffin awer huet vum "ambitiéiste Budget" geschwat, dee jeemools proposéiert gouf. 

"Dëse Budget ass méi strategesch, méi flexibel, méi transparent. E gëtt der EU méi Spillraum a mécht se méi onofhängeg."

Am neie Budget géife verschidde Posten a groussen Dëppen zesummegefaasst. Ënner anerem soll de Budget fir d'Agrarpolitik zesumme mat aneren an engem Fong regroupéiert ginn.

D'Baueren an Europadeputéiert hu gëschter vun 20 bis 30 Prozent Kierzunge geschwat an dat schaarf kritiséiert. Den Agrarkommissär widdersprécht deem.

Christophe Hansen: Agrarbudget bleift d'nämmlecht

"Wat d’Bauere kréie, bleift dat selwecht", betount de Christophe Hansen. Engersäits wieren d'Sue fir déi direkt Subsiden am Fong reservéiert. Anerersäits kéinten d'Bauere vu weidere Posten am Budget profitéieren.

Europaparlament: Renationaliséierung ass ondemokratesch

Fir Suen aus dem groussen neie Fong ausbezuelt ze kréien, missten d'Länner national Reform- an Investitiounspläng opstellen. Si selwer krite méi Spillraum an den Decisiounen, wéi eng Fonge wou hi fléissen. 

Och hei kënnt Kritik aus dem Europaparlament. An engem Bréif schwätzen all déi grouss pro-europäesch Parteie vun enger Renationaliséierung vun der EU-Politik an dovun, datt d'Parlament net prett ass, eng Aschränkung vun der demokratescher Kontroll ze akzeptéieren.

Nei EU-Recette aus nationaler Tubakssteier

Iwwerdeems sollen nei Recetten hëllefen dee Budget ze finanzéieren, dozou gehéieren eng Tax fir grouss Entreprisë mat engem Ëmsaz vu méi wéi 50 Milliounen Euro eng Steier op net recycléierten Elektroschrott oder awer och d'Propos, datt d'Länner een Deel vun der Tubakssteier u Bréissel sollen ofginn.

Hei ass mat Widderstand aus de Memberlänner ze rechnen.

Den neie Budget muss souwuel vun hinne wéi vum Parlament ugeholl ginn - eent ass sécher, d'Kommissiounscheffin muss bei de Verhandlungen, déi sech méiglecherweis iwwer déi nächst zwee Joer zéie wäerten, mat kräftegem Géigewand rechnen. 

play_arrow Lauschteren