Radioen

On air

Tockcity  |  Slowdive - Kisses (Daniel Avery Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem presuméierten Täter seng politesch Haltung ass onkloer

No Attack op Chrëschtmaart

Dem presuméierten Täter seng politesch Haltung ass onkloer

D’Zuel vun de Blesséierten nom Attentat um Chrëschtmaart zu Magdeburg wier vun 200 op 235 geklommen. Dat mellt de Parquet. Duebelzielunge wieren awer net auszeschléissen. D’Zuel vun den Doudesaffer géif onverännert bei 5 leien. No an no ginn iwwerdeems ëmmer méi Detailer zu der Dot an dem presuméierten Täter bekannt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance/dpa | Jan Woitas play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas

Geschriwwe vum Ilana Joseph

De 50-Joer ale Psychiater géif zanter 2006 an Däitschland liewen an hätt virun 8 Joer als politesche Flüchtling Asyl an Däitschland kritt. Saudi-Arabien, d’Hierkonftsland vum Verdächtegen, hat schonn an der Vergaangenheet eemol no der Ausliwwerung vum Mann gefrot, esou Medien.

2015 als net geféierlech agestuuft

Riad hätt Berlin e puermol virdru gewarnt, datt de Verdächtege saudi-arabesche Staatsbierger geféierlech kéint sinn, ouni weider Detailer iwwert d’Grënn vun der Ausliwwerungsdemande oder de Profil vum Mann ze liwweren. D‘Warnunge sinn ouni Effekt bliwwen. Hie wier den zoustännegen Autoritéiten awer spéitstens 2015 als potentiell verdächteg bekannt gewiescht, heescht et.

Vertrieder:inne vu Mecklenburg-Vorpommern hätten d’Bundeskriminalamt dat Joer iwwer méiglech Attentat-Intentioune vum Mann informéiert. Dat well hien ënnert anerem der Dokterkammer vum Land zwee Joer virdru gedreet hat. Et wier ee sech net Eens ginn iwwer d’Unerkennung vu sengen Diplomer, esou den Inneminister vu Mecklenburg-Vorpommern. Hie wier wéinst den Dreeungen zu enger Geldstrof verurteelt ginn, awer net als geféierlech agestuuft ginn. Hie krut ee Joer drop, also 2016, säin Asyl accordéiert.

Däitschland wéilt Europa islamiséieren

De geléierte Psychiater hätt Enn den 90er Joren dem Islam de Réck gedréint, esou Recherche vum WDR an NDR. Doropshi wier hien e staarken Islam- a Saudi-Arabien-Kritiker ginn. An der saudesch-arabescher Communautéit hätte sech och Asyldemandeuren, dorënner vill Fraen, bei him gemellt fir Informatiounen zum Asyl an Däitschland ze kréien.

Hien hat sech och ëmmer rëm op de soziale Medie kritesch zum Islam a Saudi-Arabien geäussert. Op X zum Beispill schreift hien, datt Däitschland Europa wéilt islamiséieren. Op senger Websäit steet mëttlerweil et sollt ee keen Asyl an Däitschland ufroen.

Seng eege Welt zesumme gebaut

Dem Mann seng politesch Haltung ass onkloer. Zwar hat hien sech ëffentlech an engem Interview fir d’AfD ausgeschwat. D’Partei hat awer de Samschdeg ënnerstrach, datt hie keng Memberskaart huet. Op der anerer Säit hat hien e puer Kéiere behaapt, datt hie sech an Däitschland als Immigrant net sécher spiert.

Et kéint een hien net an eng typesch Terrorismus-Kategorie, wéi lénks, riets oder islamistesch andeelen, huet een Terrorismus-Expert an engem Interview beim WDR erkläert. Vill méi hätt de Mann sech eng eege Welt mat ganz vill verschiddenen ideologeschen Narrativen zesummegebaut.

D’Motiv vum Täter, mengt de Procureur générale d'Etat, wier d’Onzefriddenheet als Immigrant an Däitschland. Déi nächst Woch wëllt déi däitsch Regierung den Uschlag politesch opschaffen a verstoe wéi et iwwerhaapt zu esou engem Virfall konnt kommen. D‘Indicen, datt de Verdächtegen eng gravéierend psychesch Erkrankung huet, verstäerken sech iwwerdeems, esou déi däitsch Presseagence mat Verweis op Sécherheetskreesser. Hie sëtzt den Ament an Untersuchungshaft.

Lauschterenplay_arrow