Radioen

On air

Grousse Kino  |  Spezial Filmmusek (1)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Bundespresident léist Bundestag offiziell op

Däitschland

Däitsche Bundespresident léist Bundestag offiziell op

Den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huet haut um Freideg wéi erwaart dat däitscht Parlament opgeléist. Domadder steet den Neiwalen den 23. Februar 2025 näischt méi am Wee. De Bundespresident huet a senger Ried am Bundestag d’Zukunft vun Däitschland ugeschwat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

Text: Ilana Joseph

Et ass e weidere Schrëtt a Richtung Neiwalen: De 16. Dezember hat d’Dräierkoalitioun tëscht SPD, Gréng an FDP jo d’Vertrauensfro am Parlament verluer. Dat nodeems de sozialdemokratesche Bundeskanzler Olaf Scholz den FDP-Finanzminister Christian Lindner ugangs November wéinst Differenzen entlooss hat.

D'Land brauch Stabilitéit

A senger Ried am Bundestag sot de President Frank-Walter Steinmeier, datt Neiwalen dat Bescht fir d’Wuel vum Land wieren. Et wiere schwiereg Zäiten an deemno wier de Besoin fir Stabilitéit an eng handlungsfäeg Regierung extreem wichteg.

"Die jetzige Regierung verfügt Ausweis zusätzlich der Abstimmung über die Vertrauensfrage über keine Mehrheit mehr, aber auch für eine anders zusammengesetzte Regierung habe ich in den Gesprächen keine Mehrheiten erkennen können."

Den 23. Februar wäerten d’Neiwalen an Däitschland sinn. Am Moment läit d’Unioun an den Ëmfroen däitlech vir, mat eppes méi wéi 30 Prozent vun de Walintentiounen. Hannendru kommen d’AfD an d’SPD.

Integratioun, Sécherheet a Klimawandel

Egal wéi déi nei Regierung sech wäert zesummesetzen, de President Steinmeier gesäit fir déi zukünfteg Regierung kloer Defien.

"Die wirtschaftlich unsichere Lage, in der Unternehmen in Schwierigkeiten kommen, Arbeitsplätze gefährdet sind, die Kriege im Nahen Osten und der Ukraine deren Auswirkungen auch bei uns zu spüren sind, die drängenden Fragen der Steuerung von Zuwanderung und Integration im Klimawandel, dessen Folgen auch uns immer stärker treffen, das friedliche und sicherere Zusammenleben in unserem Land."

Och wann de Bundestag opgeléist gouf, gesäit déi däitsch Verfassung vir, datt d’Parlament nach weiderhi bis zu den Neiwale schafft, sou datt sech d’Deputéiert och nach am Januar wäerte fir Sëtzungen treffen. Och d’Ministere vun der Regierung schaffe weider, bis déi nei Regierung steet.

D’Minoritéitsregierung dierf och nach weiderhi kuerzfristeg Entscheedungen treffen.

Lauschterenplay_arrow