D'Attack zu Magdeburg stoung och am Mëttelpunkt vun der Chrëschtdagsusprooch vum däitsche President Frank Walter Steinmeier. Den Haass an d'Gewalt dierften net dat lescht Wuert hunn, sot hien.
De leschte Freideg war ee 50-Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien mat engem Auto iwwer de Chrëschtmaart zu Magdeburg gerannt an hat fënnef Mënschen ëmbruecht. 235 Leit goufe blesséiert. Den Täter sëtzt an Untersuchungshaft.
Éischten Erkenntnisser no soll hien an islamfeindlechen a rietse Kreesser zirkuléiert an ënner dem Afloss vun Droge gestanen hunn. Et ginn och Indicen, datt hie psychesch krank ass.