Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bayrou wëllt Regierungsekipp de Weekend presentéieren

Frankräich

Bayrou wëllt Regierungsekipp de Weekend presentéieren

De franséische Premier François Bayrou wëllt viru Chrëschtdag a wuel schonn de Weekend seng Regierungsekipp presentéieren. Donneschdegnomëtteg koum hien dofir mat bal alle Parteien zesummen. Owes huet hie säin éischte groussen Interview als Premier ginn a skizzéiert, wat seng Pläng sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

De François Bayrou hat all d'Parteien ausser d'Lénkspartei La France Insoumise an de rietsextreemen RN invitéiert. Hien huet hinne proposéiert sech u senger Regierung ze bedeelegen oder op d'mannst dës net duerch e Mësstrauensvott ofzesetzen.

Faure: Kee Grond op Mësstrauensvott ze verzichten

No der Reunioun sot de Sozialistechef Olivier Faure, seng Partei géing sech net un der Regierung bedeelegen, an et géing och kee Grond ginn op e Mësstrauensvott ze verzichten.

De Bayrou hätt sech zwar bei Sujeten, wéi der ëmstriddener Pensiounsreform, gespréichsbereet gewisen, mee alles an allem hätt hien erschreckend wéineg ugebueden. 

Mayotte: déi gréisst national Katastroph zanter Laangem

Och d'Ekologisten hu sech enttäuscht gewisen. De Premier selwer war owes Invité op France 2, fir seng Pläng ze presentéieren an d'Aktualitéit ze kommentéieren. D'Zerstéierung duerch e Wierbelstuerm am Iwwerséigebitt Mayotte huet de Bayrou als déi gréisst national Katastroph zanter ganz laang bezeechent. Hie géing hoffen, d'Insel bannent zwee Joer nees opzebauen.

Pensiounsreform: Pensiounsalter erhéije keng néideg Mesure

Bei der ëmstriddener Pensiounsreform wëllt de Premier verhandelen awer net sträichen. De Bayrou gleeft, datt et aner Mesurë gëtt wéi d'Erhéijung vum Pensiounsalter vun 62 op 64 Joer. Fir ze evitéieren, datt et nees zu engem Mësstrauensvott kënnt a fir d'Gauche ze iwwerzeegen, sech un der Regierung ze bedeelegen, huet de Bayrou versprach op en Asaz vum Artikel 49.3 ze verzichten. Ausser et gëtt e komplette Blockage beim Budget. Dësen erlaabt et de Budget och ouni Vott duerch d’Assemblée ze boxen.

Deen neie Budget wëllt de Premier bis Mëtt-Februar presentéieren, hie war awer net sécher, ob dësen Zäitplang anzehalen ass.

Lauschterenplay_arrow