search

/ Luc Holtz soll viru Wiessel bei den FC Metz stoen

Fussball

|
reading time

1 min

Luc Holtz soll viru Wiessel bei den FC Metz stoen

De Luc Holtz soll virun engem Wiessel bei den FC Metz an déi franséisch Ligue 2 stoen. Dat mellt déi däitsch Sportszeitung Kicker. De fréieren Nationaltrainer hätt gefrot, fir bei Waldhof Mannheim fräigestallt ze ginn, well hien eng Offer vun de Grenats kritt hätt.

reading time

1 min

© picture alliance / Fotostand | Schäfer
(Foto: picture alliance / Fotostand | Schäfer)

De Luc Holtz war réischt d‘lescht Joer am August Trainer beim däitschen Drëttligist Mannheim ginn, nodeems hie säi Kontrakt mat der FLF opgeléist hat.

Metz ass dës Saison an d'Ligue 2 ofgestigen. Mat Mannheim huet de Luc Holtz d'Drëttligasaison an Däitschland op der 10. Plaz ofgeschloss.