arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kontrakt mam Hären-Nationaltrainer Jeff Strasser gouf bis 2028 verlängert

Fussball

|
reading time

1 min

De Kontrakt mam Hären-Nationaltrainer Jeff Strasser gouf bis 2028 verlängert

Wéi d'FLF matdeelt, gouf de Kontrakt mam Jeff Strasser fréizäiteg bis den 30. Juni 2028 verlängert. Deen aktuelle Vertrag geet nach bis den 31. Dezember 2026.

reading time

1 min

De Jeff Strasser beim Match Däitschland-Lëtzebuerg | © picture alliance/dpa | Tom Weller
De Jeff Strasser beim Match Däitschland-Lëtzebuerg (Foto: picture alliance/dpa | Tom Weller)

Déi Verlängerung wier en Zeeche vu Confiance a Kontinuitéit, esou den FLF-President Paul Philipp an engem Communiqué vun der FLF. De Jeff Strasser wier de richtegen Trainer fir d'Hären-Nationalekipp nohalteg ze entwéckelen, esou den FLF-President weider.

"De Jeff Strasser kennt de Lëtzebuerger Fussball mat senge Strukturen an Ambitioune perfekt. (...) Mir sinn iwwerzeegt dovun, datt hien déi richteg Persoun ass fir d'Rout Léiwen op hiren nächsten Entwécklungsschrëtt ze begleeden."

Jeff Strasser genéisst d'Vertraue vun der Federatioun

De Jeff Strasser sengersäits seet, et wier eng Éier säi Kontrakt als Trainer vun de Roude Léiwe verlängeren ze kënnen.

"Ech soen der FLF an dem Verwaltungsrot mat sengem President Merci fir d'Vertrauen."

D’Lëtzebuerger Nationalekipp hat Enn Mäerz de Play-Off géint Malta an der Nations League gewonne fir an der Liga C ze bleiwen.

An der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft a Kanada, den USA a Mexiko, déi an zwou Wochen ufänkt, ass et dogéint net sou gutt gelaf. Déi haten d'Rout Léiwen ouni Punkt a mat just engem Gol ofgeschloss.