arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No PSG-Victoire vun der Champions League: Ausschreidungen uechter Frankräich

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No PSG-Victoire vun der Champions League: Ausschreidungen uechter Frankräich

No der Victoire vum PSG an der Champions League Finall gëschter ass an de Stroossen zu Paräis uerdentlech gefeiert ginn. Dobäi koum et awer och zu Eskalatiounen an Zesummestéiss mat der Police. Iwwer 200 Persoune goufen an der Paräisser Regioun festgeholl. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/VALENTINA CAMU
(Foto: EPA/VALENTINA CAMU)

Eng Korrespondenz vum Max Tholl

Et war een Déjà-vu gëschter Owend: Wéi schonn d’lescht Joer konnt de PSG d’Champions League gewannen a wéi schonn d’lescht Joer huet dat zu Paräis d’Stëmmung uerdentlech ugehëtzt.

Autoen a Butteker a Brand

An der Nuecht, géint 1:30 Auer, hat den Inneminister Laurent Nunez matgedeelt, datt am Land mindestens 416 Persoune festgeholl goufen, 283 dovun zu a ronderëm Paräis.

Ënner anerem sechs Autoen, zwee Butteker, eng Bäckerei an e Restaurant goufen an der Haaptstad a Brand gesat oder vandaliséiert.

Och goufen et véier Tentativen de Paräisser Périphérique ze blockéieren. D’Police konnt dës awer verhënneren.

Ee Polizist schwéier blesséiert

Et koum op verschiddene Plazen och zu Zesummestéiss tëschent de Sécherheetskräften an de Persounen, déi randaléiert hunn. Dat net nëmmen zu Paräis, mee och a Stied ewéi Rennes, Grenoble oder Stroossbuerg. Am Ganze goufen dobäi siwe Poliziste blesséiert, Ee méi schwéier.

Den Inneminister sot, et wier een net iwwerrascht gewiescht vun dëser Gewalt. D’lescht Joer waren eleng zu Paräis 491 Persounen no der Victoire vum PSG interpelléiert ginn.

Deemools ware 5.400 Polizisten am Asaz, gëschter waren et der 8.000.

Besuch beim Emmanuel Macron

Och haut ass d’Police zu Paräis nees am Groussasaz: d’Ekipp vum PSG feiert hiren Titel. Vun 14 Auer u ginn eng 90.000 bis 100.000 Supporter um Champ de Mars erwaart, fir d’Ekipp ze empfänken.

D’Spiller wäerten am Nomëtteg och nach am Elysée beim President Emmanuel Macron op Besuch sinn, éier et den Owend dann d’Ofschlossfeier am Prënzepark gëtt.

Dat alles hoffentlech méi friddlech ewéi gëschter 

Entscheedung koum am Elefmeterschéissen

De PSG huet gëschterd'Finall an der Champions League gewonnen an domat hiren Titel verteidegt. D'Fransousen hu sech zu Budapest 4:3 géint d'Englänner vun Arsenal London behaapt. Et huet dofir en Eelefmeterschéisse gebraucht. No 120 Minutte stoung et just 1:1.

play_arrow Lauschteren