arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No verpasstem Championstitel: FC Déifferdeng 03 gewënnt d'Coupe géint Rousport

Fussball

|
reading time

1 min

No verpasstem Championstitel: FC Déifferdeng 03 gewënnt d'Coupe géint Rousport

Um Freidegowend konnt den FC Déifferdeng 03 am Stade de Luxembourg de Coupe-Gewënn feieren. Um Enn konnte si sech kloer mat 4:1 géint d'Viktoria Rousport duerchsetzen.

reading time

1 min

© FC Déifferdeng 03
(Foto: FC Déifferdeng 03)

Nodeems déi Déifferdenger de Championstitel um leschte Spilldag géint Biissen verluer haten, konnt d'Déifferdeng hir Saison elo duerch de Coupgewënn nach retten. Viru ronn 5.000 Zuschauer am Nationalstadion haten d'Déifferdenger kee Problem géint den Iwwerraschungs-Finalist Rousport.

Et ass de 7. Coupe-Titel fir den FC Déifferdeng 03.