Ouni Transplantatioun hätt d'Mette-Marit wuel net kënnen iwwerliewen. Virun gutt 10 Deeg war bekannt ginn, datt déi 52 Joer al norweegesch Krounprinzessin Mette-Marit eng Longentransplantatioun brauch. Si huet eng onheelbar Longefibros.
Hire Fils, de Marius Borg Høiby, hat eng Demande gemaach fir aus der Unetrsuchungshaft entlooss ze ginn. Déi gouf verworf. Hie gouf entre-temps wéinst Vergewaltegung schëlleg gesprach an ass zu véier Joer feste Prisong verurteelt ginn.