De Gros vun de Fäll ginn am Kongo observéiert. Een US-amerikaneschen Dokter, dee sech mam Virus infizéiert huet, gëtt an Tëschenzäit an der Klinik Charité zu Berlin behandelt.
Géint d'Krankheet selwer gëtt et momentan keng Impfung an och kee Medikament. Der WHO no ass de Risiko éischter lokal an national héich - international ass de Risiko awer geréng.