Wéinst deene Gefechter wieren 100.000 Leit verdriwwe ginn.
De WHO-Direkter weist sech awer zouversiichtlech, datt d'Ebola-Epidemie ze stoppen ass. Allerdéngs géif et näischt brénge fir Grenzen zouzemaachen an de Leit d'Arees ze refuséieren. D'Vergaangenheet hätt gewisen, datt e Virus esou net gestoppt gëtt, esou nach den Direkter.