search

/ Lëtzebuerger Ambassadeur a Russland gouf an den Ausseministère op Moskau convoquéiert

Russland

|
reading time

1 min

Lëtzebuerger Ambassadeur a Russland gouf an den Ausseministère op Moskau convoquéiert

Wéinst dem Rapatriement vu Lëtzebuerg aus an d’Ukrain vun der Läich vun engem ukraineschen Nationalist, gouf den Ambassadeur an der Mëttesstonn an den Ausseministère op Moskau convoquéiert. Den Ambassadeur hätt do den "schaarfe Protest" vun de Russe matgedeelt kritt.

reading time

1 min

© EPA/SERGEI ILNITSKY
(Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

D’Läich vum Andrij Melnyk war virun néng Deeg hei am Land ausgegruewen an no bei der ukrainescher Haaptstad Kiew bäigesat ginn.

Den Andrij Melnyk hat am Zweete Weltkrich mat den Nazien zesumme geschafft. Seng Organisatioun vun den ukraineschen Nationaliste gëtt a Russland als extremistesch ugesinn.