search

/ Lëtzebuerg hofft Rekordzuel am Tourismussecteur nach eng Kéier iwwertreffen ze kënnen

Tourismus

|
reading time

2 min

Lëtzebuerg hofft Rekordzuel am Tourismussecteur nach eng Kéier iwwertreffen ze kënnen

Trotz den ugespaante geopoliteschen Zäite géif ee mat Optimismus op de Start vun der Lëtzebuerger Tourismus-Saison kucken. Dat sot den delegéierten DP-Minister fir Tourismus Eric Thill virun der Press. Lëtzebuerg géif sech als attraktiv, sécher a resilient Vakanzendestinatioun presentéieren.

reading time

2 min

© MECO/Marc Lazzarini
(Foto: MECO/Marc Lazzarini)

Déi neisten Zuele géife fir eng positiv Stëmmung am Tourismussecteur suergen: Bei de Campinge géif een aktuell schonn eng Hausse vun 11 Prozent bei de Reservatioune par Rapport zu der Saison 2025 feststellen. Och bei den Hotelle géif en sech eng liicht Hausse erwaarden, esou den Eric Thill. 

"Eng Ëmfro vu Luxembourg for Tourism weist eis, datt ronn 60 Prozent vun den Hotelieren optimistesch an dës Saison kucken. Mir sinn zouversiichtlech, datt mir eis Rekordzuele vun dem leschte Joer nach vläicht,  ëm 1-2 Prozent kënnen iwwertreffen."

Déi aktuell Prognosen géife bei 2 Prozent leien, esou nach den delegéierte Minister fir Tourismus Eric Thill.

Et gëtt net méi just déi "eng" Vakanzesaison 

D’Touristesaison zu Lëtzebuerg huet sech déi lescht Joren iwwerdeems ëmmer méi iwwer déi klassesch Saison eraus entwéckelt, mierkt den Eric Thill un.  Ëmmer méi Touriste kommen nämlech och am Hierscht a Wanter an de Grand-Duché, sief et fir op de Chrëschtmaart ze kommen oder d’Natur ze genéissen

"Déi klassesch Haaptsaison gëtt et net méi. Op d'mannst fänkt se ëmmer éischter un. A se hält och ëmmer méi spéit am Joer op. Och de Wanter gëtt ëmmer méi beléift. Eis Wantermäert an déi Evenementer, déi och vläicht am Hierscht an och am Wanter stattfannen, zéien ëmmer méi Visiteuren hei an d'Land."

D’Kombinatioun aus deene méi heefegen, mee méi kuerze Vakanze géif och erklären, firwat d’Zuele vun den Iwwernuechtungen net am nämmlechte Mooss geklomm ass, wéi d’Gesamtzuel vun de Visitten, esou nach den Eric Thill. D’Touriste géifen ënnert dem Stréch manner laang am Land bleiwe wéi dat viru Joren nach de Fall gewiescht wier.