Notamment a virop déi, datt et nach ëmmer keng fiabel statistesch Donnéeë gëtt iwwer d‘Aarmut hei am Land. Dobäi wieren déi néideg, fir datt d'Politik agéiere kéint.
Si bedaueren och, datt keng massiv Augmentatioun vun abordabele Wunnengen a Vu ass. Dat wier awer ee vun de groussen Hiewelen, fir d‘Aarmut ze bekämpfen.
Bezuelbare Wunnraum an Offices sociaux als Hiewel
An éischter Linn sollt den ONGen no un der nidderschwelleger, also direkt zougänglecher Hëllef geschafft ginn, wéi och um bezuelbare Wunnraum, fuerdert de Guy Foetz vun der Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten.
"D’aide au bas seuil muss generaliséiert ginn. Dat ass um Niveau vun den Offices sociaux, wou dat muss duerchgesat ginn, datt d'Offices sociaux eng aner Aart a Weis och hätten, fir un d'Saache runzegoen."
Et géif ëmmer nees gesot ginn, d'Suen dierften net mat der Strenz verdeelt ginn, esou de Guy Foetz.
"Doduerch gi ganz vill Leit ausgeschloss. Dat ass emol ee fundamental Element."
Dat zweet Haaptelement wier de bezuelbare Wunnraum.
"Soulaang wéi mir net zu Lëtzebuerg e Staat hunn, deen derfir suergt, datt genuch Wunnengen, déi bezuelbar sinn, zur Verfügung stinn a wierklech an déi Richtung schafft, soulaang komme mer net weider."
De Plang géif net op all d'Problemer agoen a Leit duerch d'Raster fale loossen. Virun allem Mënschen ouni Adress oder ouni déi néideg Pabéieren. A grad d‘Beneficiaire vun der Protection internationale wiere vun deem Problem impaktéiert.
D'ONGen an Associatiounen begréissen awer, datt eng administrativ Vereinfachung fir déi Betraffe geplangt ass.