arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Finanziell Hëllefe wéinst Energiepräishausse "en delikate Sujet"

Industrie

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

FEDIL: Finanziell Hëllefe wéinst Energiepräishausse "en delikate Sujet"

Ass d'Zäit komm, fir eng Tripartite ze preparéieren? Jo, mengt den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL, de René Winkin, am 100,7-Interview. All Acteur misst sech elo informéieren, fir am Fall vun enger Tripartite mat den néidegen Zenarien a Berechnungen do eranzegoen.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
Direkter vun der FEDIL René Winkin | © Ana Angel
Direkter vun der FEDIL René Winkin (Foto: Ana Angel)

D’FEDIL ass alarméiert: Um Niveau vun de Betriber, déi si representéieren, géing een net méi vu just klenge Käschtenaugmentatioune schwätzen, mee konsequente Präishaussen, déi beim Konsument lande wäerten, seet de René Winkin.

“D’Inflatioun, dat ass een Theema, dat a Krisenzäiten an enger Tripartite beschwat soll ginn.”

Zäit notzen, fir sech ze preparéieren

D’Regierung vum Premier Luc Frieden huet allerdéngs schonn ugekënnegt gehat, just eng Tripartite anzeberuffen, wann och eng zweet Indextranche bannent 12 Méint erfale muss. Den Index wier awer net den eenzege Grond, eng Tripartite anzeberuffen, betount den Direkter vun der FEDIL.

“Et gesäit elo aus, wéi wann tout juste 12 Méint tëschent béiden Indextranche géinge leien. Et kann een awer dovun ausgoen, datt et duerno awer manner wéi 12 Méint dauert, bis nees déi nächst kënnt, ausser et kéim elo zu enger drastescher Entspanung.”

Aus deem Grond schwätzt d’FEDIL an hiren Direkter vun Tripartite-Preparatiounen. Et kéint een net waarde bis et souwäit ass, ouni sech an där Zäit ze preparéieren.

Käschte bei der Energie sinn am héchsten

Déi wackeleg Wafferou, déi aktuell besteet, huet just ganz kuerzfristeg zu enger liichter Entspanung geféiert, erkläert de René Winkin. Mee esouguer wann d’Wafferou längerfristeg hale sollt, esou sinn awer vill Capacitéiten a Form vu Pëtrolsstocke verluer gaangen. Och d’Reedereie kéinte sech an Zukunft iwwerleeën, ob si hir Schëffer wierklech nach an dës onstabil Regioun schécke wëllen.

D’Präishaussë bei Gas a Stroum sinn dann och dee gréissten Impakt, deen d’Industrie ze spiere kritt. Virun allem déi Betriber, déi d’Energie um “spot” kafen, also direkt vum Marché. Déi kréien all Präisentwécklung direkt ze spieren.

“Dat ass net Secteur-spezifesch, mee e Choix vum Betrib.”

Vill Membere vun der FEDIL hätten och scho vun hire Fournisseure geschriwwe kritt, datt si keng Liwwerungen a Präisser méi garantéiere kéinten. D’Präisser vun der Matière première sinn tëschent 30 a 50 Prozent geklommen.

Betraff ass och den Transportsecteur, wou Schëffer a Container am Golf blockéiert sinn. Diesel a Kerosin sinn am Präis och staark geklommen. Transporteuren hunn awer dacks Kontrakter, fir d’Präishaussen un de Client virunzeginn.

D'Konkurrenz aus Südostasien 

Ass een um Punkt ukomm, wou de Staat finanziell Hëllefen un d’Betriber ausschëdde muss? Dat wier een delikate Sujet, mengt de René Winkin. Hien nennt d’Beispill vun den Entreprisen, déi hir Energie um “spot” kafen.

“Et wier net richteg, deenen elo direkt hëllefen ze goen, wann d’Präisser eropginn.”

Déi Entreprisen hätte laang profitéiert, wéi d’Präisser nach niddereg waren. Wann elo direkt finanziell Hëllefe kommen, soubal d’Präisser eropginn, géing all Entreprise op dee Model switchen, seet de René Winkin.

Op déi eenzel Stéit gekuckt géinge finanziell Hëllefen och keng Besserung garantéieren, mengt de FEDIL-Direkter.

“D’Präisser si komm, well mir Penurien hunn, a mir stinn a Konkurrenz mat Südostasien, déi vill Energie aus der Golfregioun kafen.”

Finanziell Hëllefe kompenséieren net d’Energie, déi feelt, an déi zousätzlech muss akaaft ginn, betount de René Winkin. Wann een also iwwer esou Sujete schwätzt, misst een dat ganz cibléiert maachen an “dat Sënnvollt” am A behalen.

Problemer mat de Liwwerketten: Véierte Kéier bannent e puer Joer 

Mat den zoustännege Ministèrë wier een iwwerdeem am Austausch iwwer dat, wat um Terrain leeft, wat an anere Länner leeft, an och wat Bréissel an Zukunft decidéiere kéint.

Et wier net déi éischte Kéier, datt ee sech an esou enger Situatioun géing befannen, mierkt de René Winkin un.

“Mir hu well véier Erfarunge mat Liwwerkette-Problemer gemaach: Post-Covid, de Russland-Ukrain-Krich, an am Kader vun den Handelstensiounen tëschent China an den USA.”

All Kéier géing sech d’Fro stellen, wéi Europa sech positionéiere soll. Wéi wëlle mir an Zukunft eis Industriepolitik maachen, freet de René Winkin. Dofir wier déi aktuell Situatioun - och wann et komesch kléngt - eng Chance fir Europa, sech nei ze positionéieren. Do ka Lëtzebuerg awer meeschtens net eleng handelen.

“Vill vun der Luesheet an de Schwieregkeete krute mir vun den europäeschen Texter, net vun der Lëtzebuerger Politik.”

Déck Loft tëschent Sozialpartner: Schlecht Omen fir eventuell Tripartite?

Eng Tripartite ass och ëmmer eng Form vu Sozialdialog, deen an de leschte Méint ëmmer nees um Buedem louch. Stéchwuert Mindestloun. D’Fronte si verhäert an e konstruktiven Dialog schéngt net méi méiglech ze sinn.

Dës “Virbelaaschtung” wier schued, seet de René Winkin. Den Dossier Mindestloun hätt ee misse méi roueg upaken.

“Well d’Päerd vun hanne gesuedelt ginn ass, ass Frust entstanen. Dat hätt ee sech kënne spueren. Och well onméiglech Montanten an de Raum gestallt goufen.”

De René Winkin kéint de Frust vun de Gewerkschaften awer zum Deel och verstoen, well ee Joer laang an deem Dossier näischt geschitt ass. Dat wier “net noutwenneg” gewiescht.

play_arrow Lauschteren