De Rotatiounsprinzip deen déi Lénk an hire Statute festgeluecht hunn, kann um lokale Plang och a Fro gestallt ginn. Zu Esch zum Beispill bleift de Marc Baum Conseiller, a wäert also net an der Hallschent ersat ginn duerch deen Nächstgewielten. Hien erkläert firwat.
"Déi zweetgewielten, d'Line Wies, kann d'Mandat net unhuelen, well et net méi zu Esch wunnt an den Drëtten, de Samuel Baum, net méi Member vun der Partei ass. An da wiere mer scho beim Véierten an da géife mer erëm feststellen, datt dat awer keng Verjéngung a keng Feminiséierung wier."
Dofir hätt ee sech dozou entscheet zu Esch net ze rotéieren, esou nach de Marc Baum.
Zu Diddeleng gëtt och net rotéiert
Och zu Diddeleng gouf um lokale Plang decidéiert datt d’Co-Spriecherin vun déi Lénk, d’Carole Thoma Gemengeconseillère bleift. Ee Virdeel dobäi wier, datt een d’Dossiere scho kennt, betount si.
"Selbstverständlech huet et een Nodeel, wann een erakënnt an en neit Mandat. All déi aner, déi si matzen an der Rull an ee selwer muss sech da vläicht emol e bëssen erëmfannen, mee dat kréie mer awer allgemeng ëmmer relativ gutt opgefaangen."
An der Chamber bleift et bei der Rotatioun
Déi Lénk wëllen iwwert de Rotatiounsprinzip och eng Verjéngung an der Partei, dat wäert och an der Chamber de Fall sinn, mengt de Marc Baum.
"De Prinzip huet en Zil. An dat Zil ass Verjéngung a Feminiséierung. A mer mengen och, datt mer dee Prinzip esou uwenden, datt e wierklech seng Nëtzlechkeet kann entfalen."
An der Chamber géif ee jo och rotéieren sot de Marc Baum nach. Do wäerten de Gary Diederich an d'Ana Correia de Marc Baum an den David Wagner vun Oktober un ersetzen.
An de Gemengeréit vun der Stad Lëtzebuerg huet den David Wagner no der Demissioun vum Nathalie Oberweis d’Mandat schonn iwwerholl. Zu Suessem an zu Déifferdeng kënnt et och fir déi Lénk zu engem Wiessel.