Schonn 2019, wärend sengem éischte Mandat huet den Donald Trump fir d'éischte Kéier Interessi gewisen. Grönland kafen, annektéieren, dat wier eng gutt Iddi. Wat deemools gréisstendeels als onrealistesch an als Provokatioun ugesi gouf, och an der Trump-Regierung selwer, ass elo méi seriö ginn.
Visitt mécht d'Leit nervös
Den US-President sot et nees an engem Interview dës Woch zu enger méiglecher Acquisitioun vu Grönland: D'USA "mussen et maachen, a mussen d'Leit dovunner iwwerzeegen" sot den Trump.
Iwwerzeegt ass an der Haaptstad Nuuk kaum een. Dem Vize-President J.D. Vance seng Visitt op der Insel mécht d'Leit nervös.
Eng gréisser Kontrovers gouf des Woch nach gestoppt. Dem J.D. Vance seng Fra, d'Usha Vance, wollt mat engem vun hire Kanner Grönland besichen an eng Schlittenhondcourse materliewen. Dat huet Grönland an Dänemark iwwerhaapt net gefall, well eng Invitatioun hat keen erausgeschéckt. Grönland ass en hallef-autonomen Territoire vun Dänemark.
De Plang gouf changéiert. Elo sollt de Vizepresident selwer och kommen, mee just fir mat senger Fra déi amerikanesch Militär-Basis am héijen Norde vun der Insel ze besichen. Dat ass säi Recht, eng diplomatesch Kris gëtt et also nach keng.
"Esou geet dat net"
Mee en amerikanesche Vizepresident a Grönland, an dësem Kontext, ass remarkabel. D'Trump-Regierung seet d'USA brauchen d'Insel fir déi amerikanesch national Sécherheet ze garantéieren. Russland a China sinn d'Konkurrenten, och fir den Accès zu de natierleche Ressourcë vu Grönland.
Den 30-Joer-ale Grönlänner Inuk Kristensen, resuméiert d'Astellung vun der Bevëlkerung.
"Dat ass alles e bësse verréckt. Natierlech sinn d'Leit duercherneen. Meng Meenung ass déi nämmlecht wéi déi vum Rescht vun de Leit: Esou geet dat net. Et kann een net einfach hei opkräizen a soen dat een des Plaz kafe well."
Wat awer kéint an Zukunft geschéien ass d'Onofhängegkeet vu Grönland vis-a-vis vun Dänemark. E Koalitiounsaccord gouf elo no de Parlamentswale fonnt. Dat um Dag vum J.D. Vance senger Visitt. D'Parteien un der Muecht wëllen d'Onofhängegkeet, keng huet Interessi gewise fir am Plaz engem anere Land wéi den USA ze gehéieren.