Um Treffe vun der Koalitioun vun de Wëllegen sollt e Konzept ausgeschafft ginn, dat der Ukrain militäresch Garantien an Hëllefen zousprécht. De Lead hunn dobäi Frankräich a Groussbritannien.
Dem Luc Frieden no huet Europa eng gëente Positioun par Rapport zu enger Menace aus Russland, déi een an den nächste Joren als héich géif aschätzen. De Premier war haut zu Paräis op der Reunioun iwwer d‘Defensepolitik dobäi. Méi wéi 30 Länner hätten d'Zil en zolitte Fridden an Europa ze maachen, sot de Luc Frieden eis no der Reunioun.
De Luc Friden no der Konferenz
"Mir stelle fest, datt Russland bis elo net d'Jo gesot huet zu engem Waffestëllstand ouni Konditiounen. Mir kënnen net feststellen, datt Russland sech un d'internationaalt Recht wëll halen. An duerfir musse mer d'Ukrain ënnerstëtzen, mee mir mussen och eis eege Sécherheet verstäerken."

Dofir hätt een och zesumme festgehalen, datt een d‘Sanktiounen net géif zeréckfueren „well dat wier een Zeeche vu Schwächt géintiwwer Russland“, sou de Lëtzebuerger Premier.
"Also eng grouss breet Eenheet vun enger Koalitioun, déi net eng Koalitioun nëmme vun de Wëllegen ass, wéi se heiansdo beschriwwe gëtt, mee eng Koalitioun fir en zolitten dauerhafte Fridden an Europa."
Keng Eenegkeet iwwer gemeinsam Friddenstruppen
Beim Punkt iwwer de potentiellen Asaz vun europäeschen Truppen an der Ukrain no engem Friddensaccord, goufen d'Partner sech den Donneschdeg awer net eens. Och Däitschland ass nach ondecidéiert. Fir den Emmanuel Macron steet awer fest, datt dës Truppen eng kloer definéiert Missioun hätten. Eng "Force de réassurance" wier virun allem do fir strategesch wichteg Punkten ofzesécheren an als eng Zort Ofschreckung vis-à-vis vu Russland ze agéieren, sou de Macron - ouni aktiv an e Konflikt anzegräifen.
Den Emmanuel Macron wëll keng Zäit verléieren, schonn an den nächsten Deeg soll eng brittesch-franséisch Missioun an d’Ukrain reesen, fir op der Plaz ze kucken, wéi een d’Sécherheetsgarantië kann ëmsetzen a wéi een d’ukrainesch Arméi stäerke kann. Dat sot de President no der Reunioun vun der Koalitioun vun de Wëllegen. Et wier een hei gutt viru komm, och well ee sech am Fong eens ass. Et wëll ee vereent bleiwen an alles dofir maache fir de Fridden duerch Stäerkt ze erméiglechen.
De Bäitrag vum Max Tholl
D'EU-Staaten hunn net Wëlles Sanktiounen opzehiewen
Eens si sech d'Partner an der Fro, ob een d’Sanktioune géint Russland sollt ophiewen, wéi et Moskau fuerdert. Dat wéilt een awer net maachen, soten de Macron an och de Bundeskanzler Scholz no der Reunioun.
Et misst ee sech éischter iwwerleeën, wat fir weider Sanktiouen ee kéint géint Moskau decidéieren, seet de brittesche Premier Keir Starmer.
Och huet ee sech dozou entschloss, versprache Kreditter méi séier un d’Ukrain auszebezuelen, fir datt d'Land méi a seng Verdeedegung kann investéieren.
Frankräich: Russland soll Waffestëllstand ouni weider Conditiounen zoustëmmen
Den ukrainesche President mengt iwwerdeems net, datt Russland "iergend eng Form vu Fridden" wéilt.
Den ukraineschen an den amerikanesche President hate sech am Virfeld vun dësem Treffe scho beroden. Doropshin huet Frankräich Russland opgefuerdert, engem 30-Deeg laange Waffestëllstand zouzestëmmen, ouni datt d’Ukrain weidere russesche Conditioune muss zoustëmmen.
D'Ukrain setzt vill Hoffnung an déi europäesch Ënnerstëtzung. Ëmmerhin ass d’Ënnerstëtzung vu Säiten den USA, zënter datt den Donald Trump am Amt ass, net méi sécher.