Den Ausgang vun de Walen ass ganz onkloer, dës Gemengewale gëllen awer als Test virun de Presidentewalen d‘nächst Joer.
Iwwerall ginn e paritéitesch Lëschten. Eischt Resultater ginn et fréistens no 20:00 Auer den Owend wann de leschte Walbüro zoumecht.
Iwwerall paritéitesch Lëschten
Eng Haapterneierung ass, datt an de klenge Gemengen, mat manner wéi 1.000 Awunner:innen, de Walmodus un dee vun de grousse Gemengen ugepasst gouf. Et mussen also och an de klengen Uertschaften grad esou vill Kandidaten a Kandidatinnen untrieden, wéi Sëtz, déi gewielt ginn.
D‘Lëschte mussen iwwerall paritéitesch sinn . Also mat gläich ville Fraen a Männer.
Gespaant gëtt ënner anerem gekuckt, wéi grouss d‘Walbedeelegung wäert sinn. An de leschte Joerzéngten ass d‘Zuel vun de Leit, déi a Frankräich wiele goungen, staark erofgaangen.