arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dee legendäre leschten Zeitungsverkeefer aus de Paräisser Stroossen

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Dee legendäre leschten Zeitungsverkeefer aus de Paräisser Stroossen

Zënter 1973 verkeeft den Ali Akbar Dageszeitungen an de Stroossen, Caféen a Restauranten am Paräisser Staddeel Saint-Germain-des-Prés. Hien ass de leschte sougenannte Vendeur de journaux à la criée a Frankräich, vläicht esouguer a ganz Europa.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Eierung vum leschten Zeitungsverkeefer | © EPA/TOM NICHOLSON / POOL MAXPPP OUT
Eierung vum leschten Zeitungsverkeefer (Foto: EPA/TOM NICHOLSON / POOL MAXPPP OUT)

All Dag um 13 Auer fänkt den Ali Akbar hei beim Métro Mabillon am bohème sechsten Arrondissement seng Ronn un. Mat 30 Editioune vum "Monde" zitt hien dann duerch Saint-Germain - säi Quartier zanter 1973.

Deemools koum de jonke Pakistaner zu Paräis un an huet am Studentevéierel Zeitunge verkaaft, fir sech iwwer Waasser ze halen. Haut ass hie längst eng Paräisser Institutioun.

Bei all den negative Schlagzeilen ëmmer den Humor behalen 

Den Ali verkeeft net nëmmen Zeitungen, hien animéiert mat senge Witzer de ganze Quartier.

Den Ali seet säi Liewe wier net ëmmer einfach gewiescht, am Ufank zu Paräis huet hien zäitweis op der Strooss gelieft. Säin Humor huet hien awer ni verluer. Och net bei all den negativen Noriichten, déi all Dag op den Titelsäite landen.

Dem Ali säi Géigemëttel: Seng eege Schlagzeilen - ëmmer mat sengem bekannten Ausruff "ça y est". 

Fréier, esou den Ali, wiere si eng 40 Zeitungsverkeefer an de Stroosse gewiescht, haut ass hien eleng. Och sinn d’Zeitungen am digitalen Zäitalter net méi esou gefrot wéi nach virun 20-30 Joer. An de leschte Woche leeft d’Geschäft awer besser.

En ale Bekannte vum aktuelle President 

De Grond: Am Januar krut hie vum President Macron den Ordre national du mérite. Zënterhier gëtt hien op de Stroossen nach méi dacks erkannt an esouguer fir Selfien an Autogramme gefrot. Dës Éier an de Medienhype duerno koume fir den Ali ganz iwwerraschend.

Et war awer net déi éischte Kéier, datt den Ali dem President begéint ass. Déi zwee kënne sech nach aus dem Macron senger Studentenzäit zu Saint-Germain, wou hien dem Ali alt Zeitungen ofkaaft an e Patt spendéiert huet. Saint-Germain wier net méi de selwechte Quartier wéi nach virun e puer Joer, seet den Ali.

Pensioun gëtt et eréischt um Kierfecht 

Et géing ëmmer méi touristesch a kommerziell ginn. Ëmsou méi wichteg ass de Bewunner hei, datt et Institutioune wéi den Ali ginn.

Saint-Germain-des-Prés ouni Ali? Ondenkbar

Trotz sengen 72 Joer strotz den Ali nëmmen esou vun Energie, et huet een zäitweis Schwieregkeete mat sengem Tempo matzehalen. Un d’Ophalen denkt hien iwwerhaapt net. D’Pensionéierung, esou den Ali, déi kéint fir hien eréischt um Kierfecht.

play_arrow Lauschteren