arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1. Tour Gemengwalen zu Paräis: Sozialist Grégoire wäit viru riets-konservativer Dati

Frankräich

|
reading time

1 min

1. Tour Gemengwalen zu Paräis: Sozialist Grégoire wäit viru riets-konservativer Dati

A Frankräich war déi éischt Ronn vun de Gemengewalen. De Rassemblement National konnt an e puer Stied Succès feieren, zum Beispill zu Nice an zu Toulon hunn d‘Kandidaten vum RN déi éischt Ronn gewonnen, wärend si zu Paräis wäit hanner de Sozialiste leien.

reading time

1 min

© EPA/Jean-Francois Badias / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/Jean-Francois Badias / POOL MAXPPP OUT)

An der zweetgréisster franséischer Stad Marseille läit de Kandidat vum RN gläich op mat dem aktuelle Buergermeeschter vun de Sozialisten.

Zu Paräis ass d'Ära vun der Anne Hidalgo op en Enn komm mat dëse Walen. Si war déi lescht 12 Joer d'Buergermeeschtesch an huet déi franséisch Haaptstad radikal verännert. 

D‘Gemengewalen a Frankräich gëllen als ee Stëmmungstest fir d'Presidentiellen d‘nächst Joer.

Zweeten Tour ass nächste Sonndeg

Déi politesch Kris vun de leschte Joren huet sech an enger niddreger Walbedeelegung zeréckgespigelt.

Nächste Sonndeg ass dann den decisiven zweeten Tour. Wat kann ee bis elo konstatéieren a wou herrscht scho Gewëssheet, respektiv wou nach vill Spannung?

Lauschtert hei d'Aschätzunge vum 100,7-Korrespondent Max Tholl