Well Lëtzebuerg vun allen EU- an OECD-Staate mat ronn 60 Joer deen niddregste reelle Pensiounsantrëttsalter huet, sollen d’Cotisatioune lues a lues erop gefuer ginn, esou de Luc Frieden um Dënschdeg an der Ried zur Lag vun der Natioun. D’Karriär, déi ee muss absolvéiert hunn, fir een Urecht op eng Pensioun ze hunn, wäert iwwer eng Rei Joren all Joer stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn, hat de Premier ugekënnegt.
Taina Bofferding entsat, awer net iwwerrascht
Iwwer d’Ukënnegungen a Saache Pensiounssystem wier si grad esou entsat, wéi d’OGBL-Presidentin Nora Back, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an hirer Reaktioun am 100,7-Interview.
Et géif awer net wierklech iwwerraschen, datt d’CSV-DP-Regierung bei de Pensioun an déi annoncéiert Richtung wéilt goen, huet d’Taina Bofferding erkläert.
“Bei de Pensioune weise si ganz kloer, dass hinnen déi sozial Gerechtegkeet, d'Solidaritéit eigentlech, dass dat fir si keng Roll spillt.”
Et géif schéngen, datt d’Cotisatiounsjore progressiv sollen erop gesat ginn, esou d’Taina Bofferding.
“A firwat ass dat schwiereg? (...) Mee dat heescht awer, dass déi jonk Generatiounen, déi musse méi laang cotiséieren, ergo méi laang schaffe goen. An dat ass awer ee Broch mam Generatiounevertrag, wéi mir e kennen. A virun allem ass et awer eng riicht an d’Gesiicht fir déi Generatiounen, déi haut schonn am Ufank vun hirem Beruffsliewen enorm ënner Drock stinn.”
Fir de Pensiounssystem fir 15 Joer finanziell ofzesécheren, sollen ënner anerem Recetten aus der CO2-Steier agesat ginn, hat de Luc Frieden an der Chamber ugekënnegt. Si hätt “net schlecht gestaunt”, esou d’Reaktioun dorop vun der Taina Bofferding.
“A fir einfach ze soen: 'Oh, do sinn Dëppen, do si Suen dran, lo gi mir mol do dran', also dat ass eng komplett Zweckentfremdung vun deene Recetten do. An ech fannen, dass si sech do awer extrem einfach maachen. A virun allem well si jo och amgaange sinn hei dat Soziaalt géint d'Ëmwelt auszespillen.”
Zäitplang fir NATO-Zil ze erreechen "ganz nei"
Wat déi ugekënnegt méi héich Lëtzebuerger Ausgabe fir d’Verdeedegung ugeet, wier och d’LSAP-Fraktioun sech bewosst, datt misst investéiert ginn, esou d’Taina Bofferding.
“Ech muss awer och soen, esou gëschter an engem Niewesaz ass dann op eemol komm, jo, déi 2 Prozent sollen da lo schonn Enn dës Joers erreecht ginn. Bon, dat Gespréich, wat ech mam Premier hat, do huet hien dat awer net esou gesot. Hien huet just gesot, mir probéieren dat virun 2030 ze erreechen. Okay, mir mussen den Detailer kucken. Mee dass dat lo Enn des Joers soll kommen, dat ass awer lo ganz nei.”
Ofschloss vun der Caritas-Spezialkommissioun virum Summer
D’Chamber-Spezialkommissioun Caritas soll hir Aarbechten nach virum Summer ofschléissen, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin a Rapportrice Taina Bofferding am 100,7-Interview confirméiert.
Wat si nach ëmmer net géif verstoe wier firwat – wéi d’Affär opgeflunn ass – net versicht ginn ass, all Acteuren un een Dësch ze kréien, fir ze kucken, wéi d’Caritas hätt kënne gerett ginn.
“Et ass zwar diskutéiert ginn, mee et ass ni zesummen diskutéiert ginn, dat verstinn ech net. Wann een dann an esou enger Kris ass, dann hëlt een dach alleguerten d'Leit zesummen an da kuckt een eeben, wat méiglech ass.”
Méi grondsätzlech huet d’Taina Bofferding gesot, datt si frou wier, datt et den 100,7-Podcast zur Caritas-Affär gëtt.
“Well jo, do kritt een heiansdo méi Informatioune mat, wéi mir an eiser Spezialkommissioun. Ech mengen och, do gehéiert herno zum Biller sech d'Fro ze stellen, ob déi Form vun där Spezialkommissioun wierklech dat hier gëtt, well mir do un eis Grenze stoussen.”
Et geséich een, datt d’Aarbecht vun der Spezialkommissioun net esou evident wier, wéi ee sech dat am Ufank virgestallt hat.