Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pärele vun der ZLS-Hotline

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Etat de la nation: Eng Analys

Politik

Den Etat de la nation: Eng Analys

Gëschter um Dënschdeg huet de Premier Luc Frieden mam Etat de la nation seng Vue vun der Regierungsaarbecht duergeluecht an déi grouss Decisioune fir déi nächst Méint ugekënnegt. De Jacques Ganser huet fir de radio 100,7 d'Ried ënner d‘Lupp geholl a sech d'Fro gestallt: Krute mir elo Äntwerten op all d'Froen, déi mir eis gestallt hunn?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. | © Chambre des députés play_arrow
De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. (Foto: Chambre des députés)

Et gëtt an der Süddeutscher Zeitung ee Journalist, deen nennt sech Heribert Prantl. A wann deen e Kommentar geschriwwen huet, huet jiddereen erkannt: Dat do ass e Prantl. Sou ass et och bei der Ried gëschter: Sachlech Anuerdnung, ouni Wuertspiller, epesch Ausflich oder grouss Visiounen. Et war onverkennbar en typesche Frieden.

Am Stil vun engem CEO huet de Premier déi grouss Linnen an déi grouss Strategien opgewisen, a fir de klenge knaschtegen Detail schwätzt wannechgelift mat Ärem Personalchef oder Ärem Chef de service.

Dat gëllt fir d‘Pensiounsreform, wou elo kloer ass, datt déi jonk Leit an Zukunft méi laang musse schaffe goen a Cotisatiounserhéijunge vum Dësch sinn. Fir wéi eng Gebuertsjoren dat gëllt a bis op wéi vill Joer d‘Cotisatiousnkarriär erop geet, gouf awer net gesot.

Dat gëllt och fir d‘Steierreform, wou eng eenheetlech Klass ugekënnegt gouf, awer soss Detailer feelen.

Dat gëllt awer och fir de finanziellen Effort an der Defense, wou zousätzlech 400 Milliounen Euro d‘Joer mussen opbruecht ginn. Datt dat net ouni Ofstréch wäert goen, weess och e Gilles Roth. Et gëtt awer net gesot, wou.

De Premier huet sech Zäit geholl fir op de Sozialdialog anzegoen

De Luc Frieden gesäit de Sozialdialog e bëssen duerch e rosa Brëll. De Sozialdialog géif funktionéieren an en hätt an de leschte Méint och Resultater bruecht. Fir am nämmlechte Moment awer de Sozialpartner hir Grenzen opzeweisen a kloer ze stellen, datt et de Legislateur an d‘Exekutive sinn, déi um Enn decidéieren.

Anescht ausgedréckt: Schéin, datt mir driwwer geschwat hunn, ma d‘Neel mat Käpp, déi maache mir elo ouni Iech. 

Datt een de Gewerkschaften dat och méi konstruktiv kann erklären, weist deenen hir Kritik, déi gëschter Owend scho koum. D‘OGBL-Presidentin Nora back huet hei op der Antenn vun enger Frontalattack op den Tripartitemodell geschwat.

E puer Saachen, déi méi speziell opgefall sinn

Mat engem Saz: Haut ass déi akut Kris am Bausecteur eriwwer, mécht de Premier seng eegen Analys mat där hie sech eng gutt Nott ausstellt. Mee d‘Logementskris ass domadder alles anescht ewéi eriwwer.

Mat der Ausso, datt Lëtzebuerg de Mercosur Accord wëll ënnerschreiwen, huet de Premier d'Landwirtschaftsminsitesch Martine Hansen kal erwëscht, esou steet et de Moien am Lëtzebuerger Wort ze liesen. An d‘Iddi fir de soziale Volet vun der CO2-Steier ze benotze fir de Pensiounssystem ze stäipe war och net "im Sinne des Erfinders", wann ee sech d‘Zilsetzung vun deene Recettë mol ukuckt.

De Luc Frieden huet iwwregens nach eemol missen erklären, datt seng Regierung keng vum kalen Häerz wier. Eng Remark, déi hie muss nodréiglech traumatiséiert hunn.

Déi grouss Absencen

Remarkabel ass, datt ee Regierungschef säitelaang iwwer erneierbar Energië ka schwätzen, ouni eemol dat Wuert "Klimawandel" an de Mond ze huelen. Emissiounen erof setzen, manner CO2, Effizienz, gutt fir d‘Industrie a fir d‘Autonomie, niddreg Stroumpräisser: Esou sinn d‘Stéchwierder.

An der wirtschaftsliberaler Denkweis ass erneierbare Stroum ok, wann en der Industrie hëlleft. Datt et awer keng fin en soi ass, mee batter Noutwennegkeet, geet aus der Ried net ervir.

Mee et feelen aner wichteg Aufgabefelder: Biodiversitéit, Naturschutz, Educatioun oder nach Cohésion sociale si Felder, déi an dësem Etat de la nation net zum Zoch koumen. An et si keng onwichteg.

Lauschterenplay_arrow