Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Prozent vum RNB fir d’Defense scho vun Enn 2025 un - Detailler iwwer d'Pensiounsreform gi genannt

Ried zur Lag vun der Natioun

Zwee Prozent vum RNB fir d’Defense scho vun Enn 2025 un - Detailler iwwer d'Pensiounsreform gi genannt

Scho vun Enn vun dësem Joer u wäert Lëtzebuerg zwee Prozent vum nationale Räichtum fir d’Sécherheet investéieren, esou de Premier an der Ried zur Lag vun der Natioun. D‘Regierung huet ausserdeem Detailer iwwer d‘Pensiounsreform genannt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Luc Frieden | © Chambre des Députés play_arrow
Luc Frieden (Foto: Chambre des Députés)

Bis elo war ugekënnegt, datt dëst Zil 2030 hätt sollen erreecht ginn, dat heescht, datt Lëtzebuerg zwee Prozent vu sengem RNB an d’Defense investéiert.

Wéinst der "komplexer eemoleger internationaler Situatioun, dem Ukrainkrich an zum Beispill enger verännerter Politik vun den USA, wier kloer, datt dëst NATO-Zil éischter misst erreecht ginn, esou de Premier Luc Frieden an der Chamber.

“Dofir hu mir, no Gespréicher mat alle Parteien, decidéiert net bis 2030 ze waarden, mee dat Zwee-Prozent NATO-Zil bis Enn dës Joers ze erreechen. Ech hunn och den NATO-Generalsekretär gëschter an engem Gespréich iwwert dës Decisioun an d’Bild gesat.”

De Projet fir de Staatsbudget 2026, deen am Oktober presentéiert gëtt, wäert dëst nei Zil an der Finanzplanung verankeren, huet de Regierungschef ugekënnegt.

Zwee Projet vum RNB an eventuell nach méi

De Luc Frieden huet och ugedeit, datt Lëtzebuerg seng Verteidegungsausgaben an Zukunft nach weider kéint erhéijen. An der NATO géife vill Länner een Zil “iwwer 2 Prozent eraus" proposéieren.

“Falls dat wéinst der exceptioneller geopolitescher Situatioun de Konsens um NATO-Sommet am Juni sollt sinn, da wäerten och mir als vertrauenswürdegen Alliéierten a Partner dee Wee matgoen. Lëtzebuerg wëll a wäert seng Responsabilitéit iwwerhuelen a säi Bäitrag leeschten.”

Den zousätzleche finanziellen Effort kéint net zu Laaschte vun der Sozialpolitik goen. Et kéint een net dat eent géint dat anert ausspillen, huet de Premier betount.

Detailer iwwer d'Pensiounsreform

D‘Regierung nennt dann och Detailer iwwer d‘Pensiounsreform: Déi minimal Cotisatiounszäit, déi elo bei 40 Joer läit, soll iwwer eng Rei Joren all Joers ëm dräi Méint erop gesat ginn. Et bleift awer onkloer, vu wéini un a fir wéi laang dat soll gëllen. Dat fir déi reell Liewensaarbechtszäit zu Lëtzebuerg méi no un de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer ze réckelen.

"Mir wëllen de System op 15 Joer finanziell ofsécheren, duerch eng budgetär Contributioun iwwert d’Recettë vun enger besteeënder Konsumsteier. Geduecht gëtt, zum Beispill, un déi Hallschent vun de Recetten aus der CO2-Steier déi fir sozial Mesurë virgesi sinn."

Fir Leit, déi an der Pensioun sinn oder kuerz virdru stinn, soll sech iwwerdeems näischt änneren. D’Sozialministesch Martine Deprez soll hir detailléiert Propos nach virum Summer virstellen. 

Finanzéierung och iwwer neie Staatsemprunt

D’Finanzéierung vun de méi héijen Defenseausgabe soll aus dräi Sourcë kommen.

  1. een Deel iwwer de Staatsbudget, ënner anerem engem Staatsemprunt fir Sécherheet, un deem Privatleit sech kënne bedeelegen
  2. duerch eng Prioriséierung vun de staatlechen Ausgabe bei Infrastrukturprojeten
  3. duerch eng Mobiliséierung vu finanzielle Sourcë baussent dem Budget, wéi zum Beispill engem nationale Fong vun der SNCI fir d’Finanzéierung vun Aktivitéite fir militäresch a fir zivil Zwecker

An der Ried zur Lag vun der Natioun huet de Luc Frieden och ugekënnegt, datt d’Regierung decidéiert huet, een zweete Kommunikatiounssatellit fir militäresch Zwecker op de Wee ze bréngen.

"Fortschrëtt duerch Stabilitéit - Stabilitéit duerch Fortschrëtt", esou war dem Premier Luc Frieden seng Ried zur Lag vun der Natioun dëst Joer iwwerschriwwen.

Iwwer dës Ried gëtt um Mëttwoch de ganzen Dag um Krautmaart debattéiert.

Lauschterenplay_arrow