Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried zur Lag vun der Natioun: A wat ass mam Klimaschutz?

Mouvement écologique

Ried zur Lag vun der Natioun: A wat ass mam Klimaschutz?

Pensiounen, Sozialdialog, Stroumpräis: Et goufe wéi gewinnt vill Theeme gëschter um Dënschdeg ugeschwat an der Ried zur Lag vun der Natioun. Ee Beräich, dee manner zur Sprooch koum, fir net ze soe bal guer net, war dee vun Ëmwelt- a Klimaschutz.

auto_stories

2 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt
Blanche Weber (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Term Klimawandel ass gëschter an der Deklaratioun genee eemol gefall. Dat confirméiert d'Iwwerzeegung vun der Blanche Weber vum Mouvement écologique, datt dat een Theema ass, dat beim Luc Frieden net onbedéngt ganz uewen op der Agenda steet, wéi si am 100,7-Interview betount.

"Mir ware ganz besuergt iwwer den Duktus vum Premier, well effektiv, Terme wéi Biodiversitéit, Ëmweltpolitik, nohalteg Entwécklung souguer, si keng eng Kéier genannt ginn. A mir hunn den Androck, wéi wann de Premier déi ganz Regierungspolitik, der Philosophie vum Wirtschaftswuesstem géif ënneruerdnen an eigentlech d'Zeeche vun der Zäit absolutt net erkannt huet, nämlech Klima- a Biodiversitéitskris."

"Massiv Afrostellung" vun de Fortschrëtter aus der Vergaangenheet

Et géing souguer esou wäit goen, datt eng Rei Moossnamen, déi genannt gi sinn, eng "massiv Afrostellung" vun de Fortschrëtter aus der Vergaangenheet wieren, seet d'Blanche Weber. Ee Beispill wier d'CO2-Steier.

Et wier eng vun de gréissten Errungenschafte vun de leschte Regierungen: Gelder, déi duerch d'CO2-Steier erakommen, ginn engersäits genotzt fir Leit mat manner finanzielle Ressourcë bei der Energietransitioun ze ënnerstëtzen an ze entschiedegen. Anerersäits gëtt a Moossnamen investéiert wéi zum Beispill de Klimaschutz an den Ausbau vum ëffentlech Transport.

"Elo solle Gelder aus der CO2-Steier geholl ginn, fir d'Lach vun de Pensiounskeesen ze fëllen. Dat widdersprécht all Philosophie vun der Energietransitioun a wäert dozou féieren, datt d'Akzeptanz fir d'Moossnam vun der CO2-Steier reduzéiert wäert ginn."

Domadder géint elo schonn de Sproch gëllen: De Staat wëll just säi Budget mat der Steier fëllen an näischt fir d'Ekologie, esou d'Blanche Weber.

Keng Klimaschutzpolitik

Dorop géif de Premier warscheinlech äntwerten: Mir maache ganz vill fir den Ausbau zum Beispill vu Fotovoltaikanlagen, fir och den Ausbau vun der Wandenergie virun ze dreiwen. A wann ee sech d'Annoncen an deem Kontext ukuckt, ass dat och net ganz falsch. D'Blanche Weber betount awer, datt de Luc Frieden just vum Ausbau vu Solar- a Wandenergie geschwat huet, net awer vun enger massiver Klimaschutzpolitik.  

"Lëtzebuerg huet ganz kloer Verflichtungen, fir bestëmmte konkreet CO2-Reduktiounen ze erreechen, an net e bësse méi niddreg CO2-Emissiounen. An dat schéngt eis d'Philosophie vun dëser Ried ze sinn: 'Allez hëpp, mir maachen e bëssen eppes, virun allem och well mir e bësse méi onofhängeg wëlle gi vum Auslandsimport.' Awer wierklech eng Klimatransitioun fir déi Klimakatastroph ze verhënneren, deen Duktus fënnt et net."