Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer: An der Stad feelt et u Police

Stad Lëtzebuerg

Lydie Polfer: An der Stad feelt et u Police

D‘Lydie Polfer wënscht sech eng méi breet Policepresenz op neien Hotspotten, déi sech méi rezent entwéckelt hunn, wéi zum Beispill ronderëm Schoulen an deels och um Kierchbierg.

auto_stories

4 min

headphones

17 min

play_arrow

D‘Stater Buergermeeschteg sot am 100,7-Interview, d‘Presenz vun der Police hätt ee wichtege preventive Charakter, deen net dierft ënnerschat ginn. Hei missten awer nach gekuckt ginn, wéi déi aktuell Poliziste beschtméiglech kéinten agesat ginn.

"Ech mengen, mir wieren eis ganz schnell eens, wou déi Plaze sinn, wou eeben nach méi Policepresenz misst sinn, mee et ass alles natierlech eng Affär vu genuch Leit hunn. An do wësse mir, an dat ass haut nach wouer, an dat war gëschter wouer, datt allgemeng net genuch Police do ass."

Regierung wéilt konsequent opstocken

Fir d'Stad Lëtzebuerg wieren aktuell eng 340 Polizistinnen a Polizisten agedeelt, erkläert d'Lydie Polfer. Dat misst een awer dann nach duerch 2 oder 3 deelen, jee nodeem op wéi vill Schichte si schaffen.

Weider mengt d'DP-Buergermeeschtesch, datt de Wëlle vun der Regierung do wier, fir konsequent opzestocken. "An dat brauch ee ganz einfach", betount d'Lydie Polfer. 

Verschidde Situatioune kënnen net toleréiert ginn

Déi einfach Heescherei géif iwwerdeems an der Stater Gemeng net verbaliséiert ginn. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch och betount. Aktuell gëtt e Gesetzestext ausgeschafft, fir déi aggressiv Mendicitéit iwwerall ze verbidden.

D’Justizministesch Elisabeth Margue hat an Aussicht gestallt, datt doran och d’Méiglechkeet kéint geschafe ginn, fir déi einfach Mendicitéit plazen- an zäitweis ze verbidden.

Op hir Gemeng hannert deem Wonsch stéing, dozou wollt d’DP-Buergermeeschtesch sech net kloer äusseren. D’Gemenge wieren do, fir fir d’Sécherheet an d’Salubritéit ze suergen, huet d’Lydie Polfer preziséiert. Wann déi net garantéiert wier, da misst d’Gemeng kënnen intervenéieren. Dofir bräicht et eng legal Basis.

"Mir hu ganz verschidde Situatiounen. Mir hunn och Leit op der Strooss, déi eben nach aner Problemer hunn, déi psychesch Problemer hunn an déi mat Momenter ganz aggressiv ginn oder déi sech behuelen op eng Aart a Weis, déi een net kann toleréieren, déi sech zum Deel ausdoen am ëffentleche Raum, déi hir Besoinen am ëffentleche Raum maachen. Dat kënne mer net dulden."

AffäR ZUG: Lydie Polfer wëllt net noginn

“Et geet em de Prinzip”: Dat war dann d’Begrënnung vun der Stater Buergermeeschtesch, firwat hir Gemeng géint d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht an der Affär géint de Kollektiv ZUG an Appell geet. Beim Prozess goung et ëm Zebrasträifen: De Kollektiv wollt intern Dokumenter iwwert d’Sécherheet vun de Foussgängeriwwergäng agesinn, krut dat vun der Gemeng awer refuséiert. D’Riichter haten d’Gemeng an éischter Instanz och opgefuerdertm déi Dokumenter erauszeréckelen. D’DP-Buergermeeschtesch wëllt an där Affär awer net noginn.

"Et geet hei drëm ze determinéieren, a fir eis ass et eng Prinzippie-Saach, a fir eben déi Leit vun ZUG och: Wat muss een erausginn? Wat ass een Document interne? An eis geet et drëm, eng sereine Administratioun nach kënnen ze féieren."

Et kéint net sinn, datt Beamten, déi eng Nott schreiwen - déi och mol net honnertprozenteg ka richteg sinn - datt dat alles muss op d'Place publique kommen, esou d'Lydie Polfer. Sou wier dat net geduecht.

"Ech hunn déi Leit vun ZUG selwer empfaangen. Mir hunn hinne proposéiert, eis mat hinnen zesummen ze sëtzen, ronderëm een Dësch, an alles genau ze kucken. Dat wollte si net, well fir si ass et och eng Prinzippien-Affär."

D’Sécherheet wier eng vun den ieweschte Prioritéite vun der Gemeng, huet d’Lydie Polfer betount. Si hätt iwwerdeems d’Police gefrot, fir méi Detailer ze kréien iwwert déi 33 Accidenter mat Foussgänger a Vëlosfuerer, déi et zejoert an der Stad ginn hätt, fir erauszefannen, op dës bei Foussgängeriwwergäng oder soss anzwousch geschitt sinn.