arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infirmier wéinst Mord un 10 Patienten zu liewenslaange Prisong verurteelt

Däitschland

|
headphones

1 min

Infirmier wéinst Mord un 10 Patienten zu liewenslaange Prisong verurteelt

An Däitschland huet en Infirmier liewenslaange Prisong kritt wéinst dem Mord un zéng Patienten. De Mann huet den Affer op enger Palliativstatioun déidlech Injektioune gemaach. D'Geriicht zu Oochen gehäit dem Verurteelten nach 27 weider Mordversich vir.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Jens Kalaene
(Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)

Dee 44 Joer ale Mann soll de Patienten tëschent Dezember 2023 a Mee 2024 ganz staark Berouegungsmëttel a Medikamenter gesprëtzt hunn, fir si roueg ze stellen an op der Nuetsschicht manner Aarbecht ze hunn. 

Hie selwer dementéiert, datt hien déi Patiente wollt ëmbréngen. Säin Affekot hat e Fräisproch gefuerdert.

Méiglecherweis hätt den Infirmier och nach weider Patienten um Gewëssen, d'Police ënnersicht nach eng ganz Rei weider Verdachtsfäll vu fréiere Joren.