Duerch en Indice vun engem auslännesche Geheimdéngscht ass déi däitsch Police op de Mann opmierksam ginn. 22 Joer al, aus Syrien, an zënter 2023 an Däitschland - der Police no gouf de Mann zënter e Freideg observéiert a gëschter um Sonndeg schliisslech festgeholl. Him gëtt virgehäit, eng “schwéier staatsgefährdend Strofdot” geplangt ze hunn.
Festnam um Sonndeg
Beim Duerchsiche vun enger Rei Raimlechkeeten hunn d’Autoritéiten deemno Chemikalie fonnt, aus deenen ee kéint eng Bomm bauen. De Verdächtege gouf gëschter nach am Nomëtteg virun engem Riichter presentéiert.
Wéi däitsch Medie mat Bezuch op Ermëttlungskreesser mellen, hätt de Mann nach kee feste Plang an och keng fäerdeg Bomm gehat. Et hätt awer Indice ginn, datt hie ganz entschloss gewiescht, fir en Attentat ze begoen. Fir de Risk ze miniméieren, hätt ee sech dowéinst elo scho fir eng Festnam decidéiert.
Indicen op de Soziale Medien
E Spriecher vum Parquet zu Berlin sot, de Mann wier Sympathisant vum Terrorgrupp Islamesche Staat. Hien hätt op Soziale Reseauen an am Internet Texter verëffentlecht, déi dëst géifen noleeën, a Bäiträg mat Lidder an Hymne vum Islamesche Staat gedeelt.
Déi gréisst Schwieregkeet fir d'Ermëttler wier gewiescht, de Mann iwwerhaapt ze fannen. Hie war wuel op dräi verschiddenen Adressen an der däitscher Haaptstad gemellt.