De féiere Chef vun der Entwécklung vun Dieselmotore beim däitschen Autosproduzent Volkswagen muss fir véier an een halleft Joer an de Prisong, esou d’Urteel an éischter Instanz.
“Bauerenaffer” am Dieselskandal
Fir de fréiere Chef vun der Antriebselektronik bei VW gouf eng Strof vun zwee Joer a siwe Méint Prisong gesprach.
Zwee weider fréier VW-Manager hu Strofe vun 22 Méint, respektiv vu 15 Méint Prisong mat Sursis kritt.
Déi véier Männer hate viru Geriicht gesot, si geséiche sech als “Bauerenaffer” am Dieselskandal.
Et geet nach weider
Mam Urteel vun haut ass dat juristescht Opschaffe vun dësem Skandal nach net fäerdeg. Nieft dem Prozess géint de fréiere Konzernchef Martin Winterkorn kéinten et nach véier weider Prozesser géint am Ganzen 31 weider Ugeklote ginn, esou ee Spriecher vum Geriicht zu Braunschweig.
Wéinst engem Accident ass de Prozess géint den 78 Joer ale Winterkorn ënnerbrach. Ob a wéini dëse Prozess viru geet, ass nach net gewosst.
De Skandal ronderëm d’Manipulatioun vun Ofgastester bei Dieselautoe war viru bal 10 Joer, am September 2015 opgeflunn.
Den Dieselskandal huet VW eegener Ausso no bis ewell 33 Milliarden Euro kascht.