Wat déi politesch Ausriichtung vu Compact ugeet, doru gëtt et keng gréisser Zweiwel. De Magasinn, deen eemol de Mount eraus kënnt an eegenen Aussoen no 40 000 Lieser pro Editioun huet, gelt als Sproochrouer vun der AfD a vun der PEGIDA-Beweegung. De Publizist Jürgen Elsässer, déi dreiwend Kraaft hannert Compact, ass an der rietsextremer Zeen an Däitschland vernetzt.
De Verbuet vu Compact, deen de Bundesinneministère lescht Joer ugestrieft hat, gëtt vun haut un um Bundesverwaltungsgeriicht zu Leipzig verhandelt.
Compact argumentéiert géint dat Verbuet – mat der Pressefräiheet. De Bundesinneministère seet, Compact géif d’Pressefräiheet mëssbrauchen, fir hir verfassungsfeindlech Ziler duerchzesetzen. De Magasinn géif antisemittesch, rassistesch, verschwörungstheoretesch a geschichtsrevisionistesch Inhalter verbreeden, sou d’Positioun vum Ministère. Compact gëtt zënter Jore scho vum däitsche Geheimdéngscht observéiert.
An de Verhandlunge wäert dowéinst wuel iwwert fréier Aussoe vum Jürgen Elsässer diskutéiert ginn. Op enger Spendeveranstaltung hat hie gesot, den Ënnerscheed tëschent Compact an anere Medie wier, datt “Mir dëse Regime wëlle stierzen.” Och seng Fra, déi eng Compact-Duechterfirma leet, soll an engem Telefonat gesot hunn, si géifen haart dru schaffen, de System ze stierzen.
D’Geriichtsverhandlungen zu Leipzig sinn op dräi Deeg ugesat. Wat d’Zukunft vu Compact ugeet, dozou seet de Jürgen Elsässer: “Wann d’Urteel zu eisen Ongonschten ausfält, ass Compact doud.”