Radioen

On air

Concert  |  Zäitrees an d’Wiener Klassik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Graf vum Jean-Marie Le Pen ass beschiedegt ginn

Frankräich

Graf vum Jean-Marie Le Pen ass beschiedegt ginn

D‘Graf vum rezent verstuerwenen franséische rietsextreeme Politiker Jean-Marie Le Pen gouf beschiedegt. Déi franséisch Gendarmerie huet eng Attack op d‘Graf vum Grënner vun der Partei Front National zu La Trinité-sur-Mer an der Bretagne confirméiert.

auto_stories

1 min

©  Marie Caroline Le Pen via X
(Foto: Marie Caroline Le Pen via X)

Seng eelsten Duechter Marie Caroline huet op X eng Foto publizéiert, op där de futtisse Grafsteen ze gesinn ass.

De Jean-Marie Le Pen ass de 7. Januar am Alter vu 96 Joer gestuerwen.