Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Elliot Galvin - Gold Bright Feat. Shabaka Hutchings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland reagéiert op Eclat am wäissen Haus 

Krich an der Ukrain

Russland reagéiert op Eclat am wäissen Haus 

Um Méindegmoie sot de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow dunn, et misst een de Wolodymyr Selenskyj zum Fridden zwéngen. Dee wéilt nämlech kee Fridden, sou de Porte-parole vum russesche President Wladimir Putin. Deen huet donieft vun enger Ausenanersetzung geschwat, déi et nach ni virdru ginn hätt.

auto_stories

1 min

De Keir Starmer huet de Wolodymyr Selenskyj empfaangen. | © picture alliance / ROPI | POU
De Keir Starmer huet de Wolodymyr Selenskyj empfaangen. (Foto: picture alliance / ROPI | POU)

Frankräich a Groussbritannie proposéieren eng Wafferou vun engem Mount an der Ukrain. D'Wafferou soll an der Loft, op de Mierer, a fir d'Energie-Infrastruktur gëllen, sot de franséische President Emmanuel Macron géigeniwwer der Zeitung Le Figaro. 

Um Spezial-Ukrain-Sommet gëschter um Sonndeg zu London hat de brittesche Premier Keir Starmer eng sougenannte "Koalitioun vun de Wëllege" fir de Fridden an der Ukrain annoncéiert. Groussbritannien, Frankräich an d'Ukrain sollen e Friddensplang ausschaffen. Dee soll duerno och den USA virgeluecht ginn. Europa soll d'Féierung iwwerhuelen, mee bräicht och d'Ënnerstëtzung vun den USA, huet de brittesche Premier betount.

Zu Bréissel ass en Donneschdeg e Spezial-EU Sommet iwwer d'Ukrain.

D'Ënnerstëtzung vun der Ukrain an déi europäesch Verdeedegung sinn do d'Sujeten. Den ukrainesche President Wolodymyr Seleneskyj gouf op de Sommet invitéiert.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot gëschter um Sonndeg zu London, Europa misst "dréngend" oprëschten. Dat virum Hannergrond, datt d'USA déi militäresch Hëllef fir d'Ukrain zeréckzéie kéinten nom Eclat am Wäissen Haus leschte Freideg tëschent dem US-President Donald Trump, sengem Vizepresident JD Vance, an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.