Hien hätt ausserdeem och den tierkesche President Erdogan bei enger Demonstratioun 2023 zu Stockholm beleidegt, behaapt déi tierkesch Regierung. Seng Verhaftung hätt deemno näischt mat senge journalisteschen Aktivitéiten ze ginn.
De Reporter vun der schweedescher Dageszeitung "Dagens ETC“ war d‘leschten Donneschdeg bei senger Arrivée zu Istanbul festgeholl ginn. Hie wollt do iwwer d‘Masseprotester géint d‘Verhaftung vum Oppositiounspolitiker an Istanbuler Buergermeeschter Ekrem Imamoglu berichten.
Gëschter um Samschdeg waren zu Istanbul nees Honnertdausende Leit op der Strooss. Si hunn d‘Liberatioun vum Ekrem Imamoglu an Neiwale gefuerdert.