arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verteideger am Bommeleeër-Prozess: André Harpes zu 50.000 Euro verurteelt

Wéinst RBE-Infraktiounen

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Verteideger am Bommeleeër-Prozess: André Harpes zu 50.000 Euro verurteelt

Et ass en Urteel, dat fir de Betraffenen zu engem schlechten Zäitpunkt koum: Den Affekot André Harpes ass um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 50.000 Euro verurteelt ginn. Dat véier Deeg virum Ufank vum zweete Bommeleeër-Prozess, an deem hie säi Papp Aloyse Harpes, verteidegt.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

D’Urteel an där Affär läit eis elo vir. Et geet dobäi ëm Infraktiounen zum Gesetz iwwer de Registre des bénéficiaires effectifs, kuerz RBE. Déi selwecht Geldstrof vu 50.000 Euro gouf och géint d’Sociétéit Baltic Lloyd Shipping gesprach.

D’Urteel war e sougenannte "jugement sur accord", an deem sech d’Ugeklote mam Parquet op eng Strof eenegen.

Vun der däitscher Steierenquête bis zur Perquisitioun zu Lëtzebuerg

D’Affär hat hiren Ufank, hei am Land, am November 2022, wéi de Stater Parquet eng Enquête géint den Affekot an d’Gesellschaft an d’Weeër geleet huet, ënner anerem wéinst Infraktiounen zum Gesetz iwwer d’Lutte géint de Blanchiment.

Den Affekot hat am Oktober zejoert Rendez-vous bei der zoustänneger Untersuchungsriichterin. 4 Deeg drop huet déi d’Enquête zougemaach.

Alles hat ugefaange mat enger strofrechtlecher Enquête an Däitschland zu Faiten, déi an eisem Recht e Steierbedruch duerstelle géifen. D’Suen, déi der däitscher Steierverwaltung laanscht d’Nues goungen, goufe fir de Kaf vun engem Bot benotzt, dat annerhallef Milliounen Euro kascht huet an un d’Societéit geliwwert gouf, déi Proprietär dovun ass.

D’Gesellschaft ass domiciliéiert an der Etüd vum Me Harpes. Dowéinst gouf et och eng Perquisitioun do, op Basis vun enger Demande vum Finanzamt Augsburg-Stadt. Der Police judiciaire sinn dobäi e puer Inkohärenzen opgefall, ënner anerem déi, datt den Affekot deen eenzege Bénéficiaire effectif vun der Societéit wier.

Et koum awer eraus, datt dat net der Realitéit entsprach huet.

D’Gesetz iwwer den RBE: Sanktioune bei falschen oder onvollstännegen Donnéeën

Am Urteel ass festgehalen, datt d’Daseinsberechtegung vum RBE déi ass, fir de Mëssbrauch vu Gesellschaftsstrukturen zu kriminellen Zwecker ze bekämpfen.

Wann eng Persoun oder eng Societéit beim Aschreiwen an de Regëster bewosst falsch, onkomplett oder net aktuell Informatiounen ugëtt, kann dat mat enger Geldstrof vun tëschent 1.250 an 1,25 Milliounen Euro bestrooft ginn.

Well sech den Affekot tëschent September 2019 a Juli 2022 am RBE als Bénéficiaire effectif uginn hat, obwuel hien dat net war, krut hien déi Geldstrof vu 50.000 Euro, genee wéi d’Gesellschaft Baltic Lloyd Shipping.

Am Urteel ass iwwregens, wat den Affekot ugeet, rieds vun der "gravité de l’infraction commise par un professionnel". 

play_arrow Lauschteren