Mat dëser interministerieller Kooperatiounskommissioun soll den Austausch tëschent Lëtzebuerg a Frankräich institutionaliséiert ginn. Nieft der Koordinatioun vun ëffentleche Mesurë soll doduerch virun allem den Alldag vun de Grenzgänger verbessert ginn.
Ëffentlechen Transport steet am Fokus
Eng vun de Mesuren, déi bei dëser 8. Sitzung festgehale goufen, war d’Analys vun enger Etüd iwwer d’Satisfaktioun vun de Frontaliere wat den ëffentlechen Transport ugeet. Dat mam Zil, dësen ze verbesseren, betount den Ausseminister Xavier Bettel.
"Et on s'est engagé justement l'année prochaine de vouloir faire l'analyse dans les groupes de travail auparavant et que pour l'année prochaine, on puisse aussi lors d'une prochaine CIG voir comment est -ce qu'on pourra améliorer le transport transfrontalier au niveau des chemins de fer."
Méi Plaze fir Medezinstudenten a Frankräich
Weider sollen an Zukunft méi Lëtzebuerger Medezinsstudenten d’Méiglechkeet kréien, nom Bachelor mat hiren Etüden a Frankräich weiderzefueren.
Nach dëse Summer huet et geheescht, datt sech keng Lëtzebuerger Studente méi op der Sorbonne aschreiwe kënnen.
D’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin huet annoncéiert, datt 9 weider Plazen a Frankräich solle bäikommen.
"En contrepartie, donc on va financer, en tout cas en aide au financement de l'enseignement qui est fait en France pour nos jeunes médecins. Et ça permettra qu 'on a une certitude un certain nombre de places qui sera donc de 34 pour nos jeunes médecins en France après leur Bachelor ici au Luxembourg."
Rettungsdéngschter solle méi enk zesummeschaffen
Och am Beräich vun der ziviller Sécherheet wëlle béid Regierunge méi enk zesummeschaffen. Esou soll d’Koordinatioun tëschent de Rettungsdéngschter ausgebaut ginn, esou den Inneminister Léon Gloden.
"On a signé aujourd 'hui un avenant au traité de 2015 qui permet de déterminer les modalités concrètes en cas de d'aides transfrontalières, c 'est à dire si les sapeurs -pompiers français viennent au Luxembourg ou vice versa qui est la personne de contact et comment s'opère concrètement une telle opération."
Déi nächst franséisch-lëtzebuerger Reunioun gouf op dat zweet Semester am nächste Joer ugesat.
Ënner anerem soll eng Etüd Detailer iwwer d’Zefriddenheet vun de Frontalieren am ëffentlechen Transport opweisen.