Pro Dag fuere ronn 110.000 Pendler:innen tëschent Nanzeg a Lëtzebuerg hin an zeréck. Mee den Ament musse si sech esouwuel op der Strooss wéi op der Bunn mat Chantieren erëmploen.
De President vum Grand-Est weist Versteesdemech fir den Ierger vun de ville Pendler:innen. Mee d'Chantiere wiere wichteg fir an den nächste Jore méi Capacitéiten ze hunn.
All 7 Minutten en Zuch
De Frank Leroy ass dovunner iwwerzeegt, datt een an e puer Joer d'Frequenz vun den Zich kéint erhéijen. D'nächst Joer solle 16 Zich mat zwou Etagen operationell ginn. D'Zil wier et, datt 2030 zu de Spëtzenzäiten all 7 Minutten en Zuch kënnt.
Lëtzebuerg co-finanzéiert d'Aarbechten op der Zuchstreck Metz-Lëtzebuerg mat engem Montant vun 230 Milliounen Euro.
D'Attraktivitéit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ass nach ëmmer grouss, dat huet och Konsequenzen op de Logement, verschidde franséisch Nopeschgemengen si mat engem Manktem un Infrastrukture konfrontéiert, erkläert de Franck Leroy.
Penurie an der Santé
Esouwuel Frankräich wéi Lëtzebuerg si mat Penurien a verschiddene Secteure konfrontéiert, ënner anerem am Beräich Santé. A genee do denkt de Franck Leroy un eng Kooperatioun. Zum Beispill wat d'Formatioun vum Infirmiersberuff ugeet. Do kéinte béid Länner an eng gemeinsam Formatioun investéieren.
An der Moselle hu verschidde Spideeler awer och scho Moossnamen ergraff, fir méi attraktiv ze ginn. Am Plaz ze probéieren d'Salairen drastesch an d'Luucht ze setzen, wieren d'Aarbechtskonditioune verbessert ginn. Dat géif weisen, datt dat nieft dem Salaire och ee wichtege Facteur bleift, esou nach de Franck Leroy.