Et gëtt mat Aktiounen am ganze Land gerechent. Eng 80.000 Polizisten a Gendaarme goufe mobiliséiert. Blockagë géifen net toleréiert ginn, huet den Inneminister Bruno Retailleau annoncéiert.
CFL a Luxair si betraff
D'Protester wäerten haut och Repercussiounen op Lëtzebuerg hunn: D'CFL mellt, datt tëschent Rodange a Lonkech a béid Richtunge keen Zuch wäert fueren. D'Linn Lëtzebuerg-Metz wier fir den Ament awer net betraff. Déi regional Zich an d'TGVe missten deemno normal fueren.
Och d'Luxair huet Perturbatiounen ugekënnegt: Dat fir all d'Vollen, déi an oder duerch de franséische Loftraum fléien. Dat kéint och Verspéidunge fir aner Flich mat sech bréngen, esou d'Luxair an engem Communiqué.