Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Tockcity  |  Spelling - Portrait of My Heart (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 nei P&Re fir franséisch Frontalieren a Richtung Lëtzebuerg sollen entstoen

Mobilitéit

3 nei P&Re fir franséisch Frontalieren a Richtung Lëtzebuerg sollen entstoen

Fir Frontalieren aus Frankräich soll et Verbesserungen am ëffentleche Verkéier ginn. Déi Detailer huet d’Transportministesch Yuriko Backes op enger Pressekonferenz zu Metz mat Vertrieder:inne vum Grand Est an der Préfecture Moselle um Mëttwochmëtteg virgestallt. Ënner anerem solle Park and Riden an e Centre de Maintenance entstoen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes zu Metz. | © MMTP play_arrow
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes zu Metz. (Foto: MMTP)

Zu Metzange, Lonkech an Diddenuewen soll jeeweils ee P&R entsoten. De Centre de maintenance soll op Montigny-lès-Metz kommen.

Dëst wier alles wichteg fir eng gutt Collaboratioun ze hunn an den ëffentlechen Transport fir Frontalièren ze verbesseren, sou d'Yuriko Backes am 100,7-Interview.

"Et geet drëms, (...) dass mir investéieren a konkreet Projeten, fir d'Mobilitéit transfrontalière eeben ze verbesseren. Do gëtt et Protokollen. Déi sinn 2018 an 2021 ënnerschriwwe ginn. An do hu mir de Point gemaach. Lëtzebuerg investéiert, co-finanzéiert Projete vun 230 Milliounen Euro. Zesumme mat Frankräich sinn dat dann, fir Transfrontaliers-Projete 460 Milliounen Euro."

Lauschterenplay_arrow

An der Ausschaffung vun de Mobilitéitspläng géif een dann och ëmmer iwwer d’Grenzen eraus plangen, well eng gutt Ubannung fir d Frontaliere wichteg wier, sou nach d’ Yuriko Backes.

D’Investissementer sollen dann och an Zukunft héich gehale ginn. Dat virun allem am Schinneverkéier, dorënner och eng nei Gare zu Beetebuerg.

live

Live