Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Peach Pit - Every Little Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréieren US-President Jimmy Carter am Alter vun 100 Joer gestuerwen

USA

Fréieren US-President Jimmy Carter am Alter vun 100 Joer gestuerwen

De fréieren US-amerikanesche President Jimmy Carter ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fondatioun matgedeelt. Hie war deen eelsten US-President, deen et bis elo gouf. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dennis Van Tine/Geisler-Fotopress

Hie war tëschent 1977 an 1981 am Wäissen Haus, mee wärend Joerzéngten duerno war hien ëmmer am Asaz fir de Fridden an der Welt ze fërderen. Hie krut 2002 och de Friddensnobelpräis iwwerreecht.

Eng vu senge groussen diplomatesche Victoirë war d’Ofkommes vu Camp David 1978, wéi et him geléngt, Ägypten dozou ze bréngen, Israel unzëerkennen.

Hie gouf awer och ëmmer nees gefrot fir a Vermëttlungen eng Hand mat unzepaken. 

Den Jimmy Carter huet nëmmen eng eenzeg Amtszäit kënne maachen. Wéinst der Affär ëm d’Geiselnam vun Diplomaten an der US-amerikanescher Ambassade am Iran hat hien deemools 1981 d'Wale verluer.

Den aktuellen amerikanesche President Joe Biden an den designéierte President Donald Trump hunn de Carter als Persoun gewierdegt, deen d‘Liewe vu ville Mënsche verbessert hätt. Mat Matgefill a moralescher Kloerheet hätt hie sech fir Fridden, Gesondheetsversuergung a Mënscherechter agesat.

Lauschterenplay_arrow