Am Virfeld vun der Schueberfouer hat d’DP-Deputéiert Barbara Agostino, déi selwer zanter zwee Joer e Restaurant op der Fouer bedreift, sech beschwéiert - och Mannerjäreger sollten dierfen e Vakanzenjob op der Fouer kréien. Datt dat am Code de travail net erlaabt ass, ass net nei, ënnersträicht de Laurent Schwaller, dee bei der Gemeng Lëtzebuerg fir d’Organisatioun vun der Fouer zoustänneg ass.
"Ech ka just dozou soen, datt et net verbueden ass, datt Jonker ënner 18 schaffen, et ass awer sou, datt ënner 18 Järeger net am Commerce ambulant - wourënner d’Foraine falen - dierfe schaffen. Dat ass effektiv näischt Neies."
Dat wier net nei, ënnersträicht de Stater Schäffe Patrick Goldschmit. Dat wier gesetzlech esou festgehalen a géif vun der ITM kontrolléiert ginn. Och de Charel Hary, President vun de Forainen, huet betount, datt et kee Besoin géif ginn - si géife genuch Studenten a Studentinne fannen, déi volljäreg sinn an domat dee Vakanzenjob legal kënne maachen. Deemno géif et kee Besoin ginn do eppes drun ze änneren, esou de Charel Hary.
Ee Forain dierf nach net opmaachen
Ee klengen Incident gouf et bis elo dëst Joer op der Fouer - an dat war eng technesch Pann bei engem Karussell e Samschdeg. Dee wier an Tëschenzäit vun der zoustänneger Firma LuxControl nach emol kontrolléiert an nees fräigi ginn, esou de Patrick Goldschmit, net esou eng aner Bud.
"Fir déi, déi schonn duerch all d’Alleeë gaange sinn, déi stelle fest, datt nach ee Forain net ophuet. Well deen nach puer Punkten huet, déi net konform sinn. Mir hunn em d’Méiglechkeet ginn samschdes a sonndes e Re-Controle ze maachen, mee dee war och nach net gutt. Mir huelen dat ganz seriö."
Extra Parkplaze fir Leit mat kierperlecher Beanträchtegung
Zanter dësem Joer sinn am Parking ënner dem Theater Parkplaze fir Mënsche mat enger kierperlecher Beanträchtegung reservéiert - Mënschen ouni Beanträchtegung sollen esou wäit wéi méiglech den Auto aus der Stad erausloossen, esou de Patrick Goldschmit.