Radioen

On air

E-Lodie  |  Alex Marsh - Dust Keeper

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 45 nei Zaldotinnen a Zaldoten

Arméi

45 nei Zaldotinnen a Zaldoten

Um Freideg goufen zu Esch 45 Rekruttinnen a Rekrutte vun der Arméi vereedegt a si vun elo un Zaldotinnen a Zaldoten. A Präsenz vun der Defenseministesch Yuriko Backes, dem Arméischef Steve Thull an dem Escher Gemengerot krute 5 Stéck aus der Sessioun 205 eng Auszeechnung fir hir Performancë wärend hirer Ausbildung vu 4 Méint.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Peloton IB (instruction de base) | © 	© Armée luxembourgeoise play_arrow
Peloton IB (instruction de base) (Foto: © Armée luxembourgeoise)

62 Zaldotinnen an Zaldoten aus Lëtzebuerg an dem Ausland kruten iwwerdeems Medailen iwwerreecht fir hiren Asaz an enger gemeinsamer Auslands Missioun.

Den Arméischef Steve Thull huet präziséiert, datt de Formatiounsprogramm vun de Rekruttinnen a Rekrutten iwwerpréift soll ginn.

“D'Basisinstruktioun ass keng Selektioun fir d’Navyseals. Jiddereen, deen zougelooss gëtt, deen ass capabel, fir et ze packen. Et gëtt och reegelméisseg de Programm nees iwwerkuckt, wat een ännere kann. An an de leschte Wochen ass dat intensiv um Härebierg gemaach ginn an et wäerten an den nächste Méint och e puer Adaptatioune gemaach ginn.”

Et soll sech op dat Wesentlechst konzentréiert ginn, erkläert de Steve Thull. Duerch eng Reorganisatioun vun der Instruktioun soll iwwerdeems Zäit gewonne ginn, esou datt ee méi genee op déi eenzel Persoune kéint agoen. Trotzdeem soll et eng Erausfuerderung bleiwen an et géif och weiderhin Engagement vun de Rekruttinnen a Rekrutte gefuerdert ginn.

Lauschterenplay_arrow